Marc Goergen (Politiker)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Marc Goergen. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Marc Goergen.
Marc Goergen
Den Deputéierte Marc Goergen
Gebuer 12. Januar 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Piratepartei Lëtzebuerg

De Marc Goergen, gebuer den 12. Januar 1985 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Politiker (Piratepartei).

Hie war tëscht 2012 an 2015 Vizepresident vun der Piratepartei Lëtzebuerg. Zanter dem 10. Dezember 2017 ass hie Generalsekretär vun der Piratepartei.

Bei de Chamberwalen 2013, de Chamberwalen 2018 an de Chamberwalen 2023 war hie Spëtzekandidat vun der Piratepartei am Walbezierk Süden.[2] 2018 gouf hien, als ee vun zwéin Deputéierte vun där Partei, an d'Chamber gewielt. Bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt.[3]

Bei de Gemengewale vum 8. Oktober 2017 ass hien zesumme mat sengem Parteikolleg Starsky Flor an de Gemengerot zu Péiteng gewielt ginn. Bei deene vum Juni 2023 gouf hien erëmgewielt. Am Oktober 2023 huet hien op säi Gemengerotsmandat verzicht.[4]


De Marc Goergen ass och President vun der Rollenger Musek (Harmonie Municipale Rodange & Lamadelaine)[5], Trésorier an der Péitenger Maison des Jeunes[6], an hie war an der Fuessaison 2013-2014 Prënz an der Karneval Gemeng Péiteng.[7] Dës Weideren ass hie fir d'Organisatioun 'Vermëssten Déieren' aktiv.

Privat[änneren | Quelltext änneren]

De Marc Goergen ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marc Goergen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fiche Député op chd.lu.
  2. "Sven Clement als President confirméiert" rtl.lu, 11.12.2017, 15:23:39.
  3. elections.lu.
  4. Simone Molitor: [Marc Goergen gibt sein Mandat im Gemeinderat ab." wort.lu, 13. Oktober 2023.
  5. Archive copy Archivéiert op 2016-03-12. Gekuckt de(n) 2017-12-31.
  6. Archive copy Archivéiert op 2017-12-23. Gekuckt de(n) 2017-12-31.
  7. http://www.kagepe.lu/wp-content/uploads/2015/12/Newsletter-9_2013.compressed.pdf