Marco Angelini

Vu Wikipedia
Marco Angelini
Gebuer 26. Juli 1984
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Liddermécher
De Marco Angelini bei enger Charity Veranstaltung zu Graz (2013)

De Marco Angelini, gebuer de 26. Juli 1984 zu Voitsberg an der Steiermark, ass en éisträichesche Sänger a Songwriter, dee sech 2014 virleefeg an d'Privatliewen zeréckgezunn huet an zanterhier als Dokter schafft.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Angelini ass de Bouf vun enger éisträichescher Mamm an engem lëtzebuergesche Papp. Seng Grousseltere sinn Italieener. Zënter 2014 ass hie mat der Profidänzerin Maria Santner zesummen. [1]

Ausbildung a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Schoul / Universitéit[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Ofschloss am Lycée huet de Marco Angelini Humanmedezin op der Medezinischer Universitéit Graz studéiert. Hien huet och en Auslandssemester zu Lëtzebuerg gemaach an dat praktescht Joer am Klinikum Passau an Däitschland. Am Joer 2012 huet e säi Studium mam akadeemesche Grad Dr. med. univ. ofgeschloss.

Sport[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Angelini huet 12 Joer beim HSG Raiffeisen Bärnbach/Köflach aktiv Handball op der lénkser Band gespillt. No zwou schwéiere Blessen, ë. a. e Kräizbandrass, huet e seng Handballcarrière missen opginn.

Musek[änneren | Quelltext änneren]

De Marco Angelini huet bei verschiddene Casting-Showe matgemaach, ë. a. an Helden von morgen, Starmania an X Factor. Wéinst senger Participatioun bei Deutschland sucht den Superstar am Joer 2011 an der 8. Editioun[2] gouf hie bei engem grousse Publikum an Europa bekannt. Hien ass an der Show op der 4. Plaz ausgescheet.

No DSDS ass en als Solokënschtler an och mat senger Studenteband Black Balloon, déi hien 2008 gegrënnt hat, opgetrueden. Si haten Optrëtter an Däitschland, Griicheland, Éisträich, Lëtzebuerg a Spuenien. Ausserdeem hat hie verschidde Jury-Optrëtter, Autogrammstonnen a Fantreffen a verschiddene Länner.

Seng Musek geet vu Pop, Rock an Austropop bis zum Pop-Schlager. Hie gouf, sou wéi hie selwer sot, vun de Red Hot Chili Peppers, Kings of Leon, Paolo Nutini an James Morrison musikalesch beaflosst .

Am Joer 2011 huet hien e Plackevertrag mat Sony Music Austria ënnerschriwwen, woubäi och seng éischt Single „Leuchtturm“ entstanen ass, déi vum Alexander Kahr produzéiert gouf. Nodeems de Marco bei 2DayRecords gewiesselt huet, koum de 25. Januar 2013 d'Maxi-CD „Du & ich“ eraus.[3] „Du & ich“ koum direkt op d'Plaz 69 an den éisträicheschen Charts. Déi zweet Single „Mein Engel (hier auf Erden)“, och bei 2DayRecords verëffentlecht, huet d'Plaz 84 an den däitsche Charts erreecht. Dës Single koum den 31. Mee 2013 op de Maart. De 4. Oktober 2013 koum déi drëtt Single „Wunder gibt es immer wieder“ an ass am Ufank direkt op d'Plaz 62 an den däitsche Charts komm. Nodeems de Marco bei Ich bin ein Star – Holt mich hier raus! deelgeholl hat, hat hien de 7. Februar 2014 de Partysong „Heute Nacht“ erausbruecht, den op der Positioun 54 an den däitschen Charts ugefaangen huet. Obwuel hien am Summer 2014 bekannt ginn huet, dat hie virleefeg eng Auszäit vun der Bün géif huelen, huet hien am November zesumme mam Leo Aberer de Chrëschtdagssong „Goodbye“ verëffentlecht, den si zwee och selwer geschriwwen hunn. An der éischter Woch koum en direkt op d'Plaz 23 an den éisträicheschen Charts an huet duerno d'Plaz 9 erreecht.

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Dem Marco säi Concert de 15.05.2013 am "King Wilma" zu Lëtzebuerg gouf vun RTL Lëtzebuerg opgezeechent an op Nationalfeierdag den 23. Juni am ganze Land ausgestraalt. Ulass fir de Concert war de Start vu senger Dräi-Länner-Tournee.

Am Januar 2014 huet de Marco Angelini an der däitscher Reality-Show vun RTL Ich bin ein Star – Holt mich hier raus! deelgeholl an ass do Sechste ginn.[4] Dat selwecht Joer huet hie mam Maria Santner zesummen an der 9. Staffel vun der Danzshow Dancing Stars beim ORF eins gedanzt a se sinn op déi zweet Plaz komm.

Virleefegt Enn vun der Musekscarrière[änneren | Quelltext änneren]

Enn Juli 2014 huet de Marco dat virleefegt Enn vu senger Gesangscarrière bekannt ginn. D'Dauer vun der Auszäit ass net genee uginn. De Grond ass, datt hien an Zukunft wëll als Dokter schaffen a sech méi op säi Privatliewe konzentréieren. Säi virleefeg leschten Optrëtt war den 13. September 2014 zu Zeitz an Däitschland.[5],[6]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Alben[änneren | Quelltext änneren]

  • 2013: Best Of

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2011: Leuchtturm
  • 2013: Du & ich
  • 2013: Mein Engel (hier auf Erden)
  • 2013: Wunder gibt es immer wieder
  • 2014: Heute Nacht
  • 2014: Suzie
  • 2014: Goodbye - Marco Angelini & Leo Aberer

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Cool Music Award 2011 (Museksmagazin Cool)
  • Cool Music Award 2012 (Museksmagazin Cool)
  • Silberne Ehrennadel vun der Stad Voitsberg 2011
  • Beschter Sänger 2011 (Jugendzäitschrëft Xpress)
  • Beschten Newcomer 2011 (Jugendzäitschrëft Xpress)
  • Beschten Austrostar 2011 (Jugendzäitschrëft Xpress)
  • Beschten Austrostar 2012 (Jugendzäitschrëft Xpress)

Sozialen Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Zënter ville Joren engagéiert de Marco Angelini sech fir Mënsche mat besonnesche Bedierfnesser an hie betreit éierenamtlech d'Athleten an d'Athletinne vun den éisträichesche Special Olympics, ufanks als Trainer vun de Sportaarte Floorhockey an Handball an zënter 2011 ass hien Assistent vun der Teamdoktesch.

Ausserdeem schafft hien aktiv bei der Entwécklung vu Kanner- a Jugendsportprogrammer mat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fuerbach, Claudia: Marco Angelini: Das große Fanbuch. Roed Verlag, ISBN 978-3-945489-02-4, erauskomm den 30. November 2013.
  • Fuerbach, Claudia: Marco Angelini: Live on Stage!. Roed Verlag, ISBN 978-3-945489-14-7, erauskomm den 20. Dezember 2014.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Marco Angelini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.oe24.at/tv/dancing-stars/Marco-Angelini-Unsere-private-Reise-geht-weiter/143611483
  2. Marco Angelini: „Es ist ein hartes Geschäft“. In: Kleine Zeitung
  3. Amazon: Verëffentlichung de 25. Januar 2013
  4. Dschungelcamp 2014
  5. http://nfish.eu/index.php?option=com_content&view=article&id=1685:danke-marco&catid=307:hautnah&Itemid=553
  6. http://www.promiflash.de/100prozent-arzt-marco-angelini-beendet-musik-karriere-14073039.html