Marianne Hubert

Vu Wikipedia
Marianne Hubert
Gebuer 18. Juli 1964
Gestuerwen 13. Juli 2010
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

D'Marianne Hubert, den 18. Juli 1964 zu Diddeleng gebuer an den 13. Juli 2010 um Kierchbierg gestuerwen, war eng lëtzebuergesch Theologin.

No hirem Secondaire am Lycée Hubert-Clément huet d'Marianne Hubert kathoulesch Theologie zu Tréier studéiert (1987-1992) an eppes méi spéit am Beräich Moraltheologie promovéiert (Moraltheologie im Kontext der Zeit: Beiträge zu Theemen der Moral in den 'Stimmen aus Maria Laach' der Jahre 1871 bis 1914). Duerno huet si am Äerzbistum an der Stad geschafft, wou si, ë. a., theologesch Beroderin a Sekretärin vum Conseil épiscopal, Auditrice am Bistumsoffizial a Member vun der Conférence pastorale diocésaine war.

D'Marianne Hubert war Mataarbechterin a Beroderin vun der Diözesankommissioun Fra an der Kierch, Member vun Tricentenaire a.s.b.l. a Coanimatrice vum Conseil des résidents vun Heeschdref. Si huet reegelméisseg reliéis oder moraltheologesch Bäiträg am Luxemburger Wort publizéiert.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Hubert, M., 2011 (Posthum). Mitten im Leben - Eine Textsammlung von Dr. Marianne Hubert. St-Paulus Dréckerei, 140 Säiten (ill.).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (sjp.), Marianne Hubert †: Moraltheologin und Referentin im Bistum gestorben ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 15. Juli 2010 (Foto).