Marina Herber

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Marina Herber
Gebuer 26. Januar 1980
Normandie
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler
Member vun ARC Kënschtlerkrees

D'Marina Herber, gebuer de 26. Januar 1980 an der Normandie a Frankräich, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin, déi mam Pseudonym "Marinazz" ënnerschreift.

No hirem Secondaire op der Sektioun Beaux-Arts am Lycée des arts et métiers um Lampertsbierg huet si de BTS am Zeechentrickfilm gemaach. Ënner anerem huet si eng Ausbildung an der Serigraphie, als Kameraassistentin bei Anubis Pictures, an ass ausser der Molerei och aktiv an der Ilustratioun vu Bicher, a Mol- an Zeechecoursen, der Restauratioun vun Uelegbiller, am 2D/3D Zeechentrickfilm an am architektonesche Modellbau.

Zanter 2007 schafft d'Marina Herber als selbststänneg Kënschtlerin an der Molerei an an der Illustratioun. Si bezeechent hiren eegene Stil als: "Optimismus Art". Ausser villen Ausstellungen huet si och den Zeechentrickfilm "Magic Oil" an eng Animatioun fir d'Ausstellung "Best of Nature" vum Nationalmusée fir Naturgeschicht gemaach. Da mécht si och vill Logoen a Covere wéi de bekannte REDLION- Logo[1], d'Maskottche vun der Steel Parade zu Esch.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006 Versailles (Frankräich), Presentatioun vum Buch "Le dyptère empoissonné" um "Festival de la BD"
  • 2008 Centre Marcel Noppeney, Uewerkuer
  • 2008 Trifolion, Iechternach
  • 2008 Festival "Art in Beaufort"
  • 2009 Galerie "beim Engel", Artmix4, Lëtzebuerg
  • 2009 Kulturbahnhof, Saarbrécken
  • 2010 Kulturhaus, Nidderaanwen
  • 2010 Dënzelt, Iechternach
  • 2010 Galerie "LaGallery", Montréal (Québec)
  • 2010 Atelier "an der Brennerei", Bur
  • 2011 Galerie "LaGallery", Montréal (Québec)
  • 2011 Kulturhaus, Nidderaanwen
  • 2011 Atelier, Clécy (Normandie)
  • 2012 Festival Artistique "Artborn"
  • 2012 Organisatioun an Ausstellung "Festival d'Art" Little Woodstock, Iernzen
  • 2012 L'Art-Rochette, Fiels

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. REDLION