Martin Bucer

Vu Wikipedia
Martin Bucer
Pseudonym Konrad Trewe von Friedensleben, Felinus Aretius, Luithold Waremund, Conrad Treu
Gebuer 11. November 1491 jul.
Sélestat
Gestuerwen 28. Februar 1551 jul.
Cambridge
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vun Heidelberg
Aktivitéit Theolog, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser

De Martin Bucer, heiansdo och Martin Butzer, gebuer den 11. November 1491 zu Sélestat (de: Schlettstadt) am Elsass, a gestuerwen den 1. Mäerz 1551 zu Cambridge, war en Humanist an Theolog vun der Reformatioun. Hie gëllt als de Reformator vu Stroossbuerg a vum Elsass.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Mat 15 Joer ass de Martin Bucer an den Dominikaneruerden agetratt. 1517 ass hien op Heidelberg studéiere gaangen, wou e 1518 de Martin Luther kennegeléiert huet. Hien huet sech du fir d'protestantesch Iddien intresséiert a gouf 1521 aus dem Dominikaneruerden entlooss. 1522 huet e sech mat der fréierer Uerdensschwëster Elisabeth Silbereisen bestuet. D'Koppel sollt 13 Kanner kréien, déi awer all fréi gestuerwe sinn. Wéi de Martin Bucer 1523 vum Poopst exkommunizéiert gouf, huet hie sech op Stroossbuerg duerchgeschloen. Hie wousst, datt hien an där toleranter Räichsstad Asyl kritt. 1524 gouf hien do zum (protestantesche) Paschtouer geweit.

An de Joren duerno huet de Martin Bucer ëmmer erëm versicht, tëscht de verschiddenen Tendenzen am Protestantismus (Lutheraner, Calvinisten, Spiritualisten, Baptisten) ze vermëttelen. Zentral fir hie war d'Diskussioun ronderëm d'Bedeitung oder d'Interpretatioun vun der Owesmoolzecht (vgl. Eucharistie!). De Martin Bucer ass ee vun de Redaktere vun der Confessio Tetrapolitana, an där 4 Räichsstied (Stroossbuerg + 3 Stied aus Schwaben: Memmingen, Konstanz a Lindau) hiert Glawensverständnes am Hibléck op d'Diskussiounen, déi 1530 um Räichsdag zu Augsburg stattfanne sollten, zesummegefaasst hunn. 1536 konnt de Martin Bucer sech - no laangen an zéien Diskussiounen - mam Martin Luther op eng Positioun eenegen, déi hiren Nidderschlag an der Wittenberger Konkordie fonnt huet.

Ëm déi Zäit ass de Martin Bucer och als Organisateur vun de Landeskirchen opgetratt, déi deemools am Opbau waren. Sou huet hie 1531 eng Kierchenuerdnung fir d'Stad Ulm entworf, 1534 den Herzog Ulrich vu Württemberg bei der Verbreedung vun der Reformatioun a sengem Herzogtum beroden an, am Optrag vum Philipp I., Landgroof vun Hessen, déi sougenannt Ziegenhainer Zuchtordnung verfaasst, déi d'Basis vun der reforméierter Kierch an Hesse sollt ginn. Dësen Text huet bis haut seng Bedeitung behalen, well hie féiert, ënner dem Afloss vun der Baptistebeweegung, d'Confirmatioun an. Et muss een awer hei soen, datt d'Confirmatioun eréischt an der Zäit vum Pietismus (18. Jh.) vun den evangeelesche Landeskierchen zerguttst verbreet gouf.

1541 ass d'Elisabeth Silbereise wärend enger Pestepidemie gestuerwen, a 1542 huet de Martin Bucer sech mat der Wibrandis Rosenblatt, enger Wittfra, déi 13 Joer méi jonk war, op en Neits bestuet. D'Koppel krut 2 Kanner.

1542/43 huet de Martin Bucer zu Bonn gelieft, wou en am Optrag vum Äerzbëschof vu Köln, dem Herrmann V. vu Wied, den Iwwergang vum Äerzbistum Köln zur Reformatioun virbereet huet. Zu Buschhoven an der Waasserbuerg si 1543 zwou Reformatiounsschrëfte vum Bucer a vum Philipp Melanchthon fir den Äerzbëschof Herrmann vu Köln verfaasst ginn. Zu Köln gouf et Oppositioun, net nëmmen am Doumkapitel, mä och vum Scholastiker a Rekter vun der Universitéit Matthias Aquensis, dee mat net manner wéi 5 Schrëften op dem Bucer seng Publikatioune reagéiert huet. 1543 ass de Martin Bucer op Stroossbuerg zeréckgaangen.

1549 awer, huet de Martin Bucer Stroossbuerg misse verloossen, well de Keeser Karel V. (HRR) deemools eng Reorganisatioun vum Kierchewiesen ugeuerdnet hat, an zwar an engem méi "kathoulesche" Sënn (dës Neiuerdnung gëtt dacks als "Interim" bezeechent). De Martin Bucer ass dunn an England ausgewandert, wou e scho 1551 zu Cambridge gestuerwen ass.

Theologesch gouf de Martin Bucer, deen als Papp vun der Confirmatioun gëllt, vum Erasmus vu Rotterdam, vum Martin Luther, vum Ulrich Zwingli, vum Melanchthon a vum Heinrich Bullinger beaflosst. Et kann ee soen, datt seng eege Positioun um hallwe Wee tëscht de Positioune vum Luther a vum Zwingli louch. Kee Wonner, datt souwuel d'Lutheraner wéi d'Calvinisten an d'Anglikaner de Martin Bucer als ee vun hire Virdenker betruechten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Matthieu Arnold & Berndt Hamm (Editeuren), Martin Bucer zwischen Luther und Zwingli ; Tübingen, Verlag Mohr Siebeck, 2003; ISBN 3-16-147763-4
  • Bernard Vogler, Le rayonnement de la réforme strasbourgeoise (1520-1555) ; in: Historiens & Géographes, Jgg. 86, Nr. 347 (Februar 1995); Ss. 115-118; ISSN 004675X
  • Thierry Wanegffelen, L'Eucharistie au temps des Réformes - Mise au point sur transsubstantiation, consubstantiation et sacramentarisme ; in: Historiens & Géographes, Jgg. 84, Nr. 341 (Oktober 1993); Ss. 113-116.
  • Martin Greschat, Martin Bucer - Ein Reformator und seine Zeit ; München, 1990; ISBN 3-406-34610-3

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martin Bucer – Biller, Videoen oder Audiodateien