Milben

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Milben
Tuckerella sp.,e Parasit vun tropesche Zitrusplanzen, (260x vergréissert).
Tuckerella sp.,
e Parasit vun tropesche Zitrusplanzen, (260x vergréissert).
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Chelicerata
Klass: Spannendéieren
Uerdnung: Milben
Wëssenschaftlechen Numm
Acari
Iwweruerdnungen
Milben op engem Weberknecht

Milben (Acari) sinn eng Ënnerklass vun de Spannendéieren (Arachnida) am Stamm vun de Arthropoden. Mat ronn 50.000 bekannten Aarten a 546 Familljen[1] sinn d'Milben déi Gruppp vu Spannendéiere mat deene meeschten Aarten.

Inhaltsverzeechnes

Charakteristiken[änneren]

Déi klengste Milbe si just 0,1 Millimeter grouss, während d'Zecken, bei deenen d'Weibercher vollgesuckelt bis zu 3 cm déck kënne ginn, déi gréisst sinn. Si hunn, wéi d' Wiefspannen, aacht Been, och wann hier Larv der dacks just 6 huet.

Etlech vun de Milbenaarte benotzen aner Déieren, wéi z. B. Insekten, als Transportmëttel. Eng tropesch Aart, d' Archegozetes longisetosus, ass a Relatioun zu hirer Gréisst, dat stäerksten Déier vun der Welt: si ka bal dat 1200-facht vun hirem eegene Gewiicht packen.[2]

Et gi Milben, déi lieweg Déiere joen, während anerer blann sinn.[3].

Habitat[änneren]

Milbe ginn et a ville Liewensraim. Ronn d'Hallschecht vun de bekannten Aaren liewen am Buedem, wou bei gudde Konditiounen honnertdausend Milben pro Quadratmeter Plaz an ze Friesse fannen. Et ginn der och, déi méi aussergewéinlech Habitater hunn, ewéi d'Longe vun Afen, d'Nueslächer vu Vijel, oder d'Tracheenöffnunge vun Insekten. Och déi meeschte Mënschen hu Milben, z. B. bei den Hoerwuerzele vun de Wimperen.

Kascht[änneren]

Jee no Aart ernieren d'Milbe sech vun Déieren, déi se fänken, vu Planzen oder Pilzen, oder awer vun doudegen Déieren oder Tissu, deen ofgestuerwen ass (wéi z. B. Hautzellen). Et ginn och vill Milben, déi als Parasite liewen.

Milb mam Mikroskop gekuckt

Milben als Krankheetsverursaacher[änneren]

Erkrankungen duerch Milbe ginn Acariose genannt.

Besonnesch d'Hausstëbsallergie kënnt bei Allergiker dacks vir; si gëtt duerch d'Exkrementer vun der Hausstëbsbmilb ausgeléist.

D'Krätzdéierche buere Gäng an d'Haut vun hirem Wiert a leeën duer hir Eeër, wat beim Betraffenen e staarke Bass produzéiert. D'Larven, déi aus den Eeër erauskommen, ergi beim Mënsch d'Krankheetsbild vum Krätz, bei Déiere schwätzt ee vu Rëffegkeet.

Bei Hunnegbeie provozéiere verschidde Milben, wéi z. B. d'Varroamilb déi sougenannt Varroose, déi ganz Beievëlker schwächt an ausstierwen deet.

Aner Milbenaarte kënnen duerch hiert Bäissen Fleckféiwer, Rickettsipouken, Tularämie an d'Saint-Louis-Enzephalitis iwwerdroen. D'Vertrieder vun der Ënneruerdnung vun den Zecke kënne beim Bluttsuckele geféierlech Krankheeten iwwerdroen, ewéi d'viral Meningite d'Krim-Kongo-Féiwer, Fleckféiwer oder d'Borreliose.

Notzwierkung[änneren]

Vill Raubmilbe gi vum Mënsch als nëtzlech ugesinn, well se Schädlingen an der Landwirtschaft an am Gaardebau verdillegen. Dofir ginn se alt an Zären ënner kontrolléierte Bedingunge geziicht.[4] Eng bestëmmt Aart (Thyroplyphus siro [5], virdrun: Tyroglyphus casei) gëtt als Notzdéier geziicht, fir bei der Produktioun vu Milbekéis ze "hëllefen".

Systematik[änneren]

Déi sechs Uerdnunge vun de Milbe ginn an zwou Iwweruednungen zesammegefaasst:[6]

Referenzen[änneren]

  1. Joel Hallan, 2005: SYNOPSIS OF THE DESCRIBED ARACHNIDA OF THE WORLD. ACARI PROJECT STATUS. Department of Entomology, Texas A&M University.
  2. M. Heethoff, L. Koerner: Small but powerful - The oribatid mite Archegozetes longisetosus Aoki (Acari, Oribatida) produces disproportionate high forces. In: The Journal of Experimental Biology (J. Exp. Biol.) 2007, Bd. 210 (17), S. 3036-3042, (Volltext online (englesch))
  3. Günther Schmidt (1993): Giftige und gefährliche Spinnentiere. Westarp Wissenschaften, ISBN 3-89432-405-8, S. 58 ff.
  4. http://www.katzbiotechservices.de/firma/fragenantworten/#faq_wieproduziert
  5. http://www.zeiss.de/C1257173002D0F60/0/D964725523A455EEC12574A60030BA71/$File/innovation_20_40.pdf
  6. G. W. Krantz und D. E. Walter (Ed.): A Manual of Acarology. Third edition, Texas Tech University Press, 2009, S. 111-117

Um Spaweck[änneren]

Commons: Milben (Acari) – Biller, Videoen oder Audiodateien