Mimino

Vu Wikipedia
Mimino
Film
Produktiounsland Sowjetunioun
Produktiounsjoer 1977
Première 1977
Dauer 92 min
Faarf Faarweg
Format 1,37:1
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Georgi Danelija
Dréibuch

Reso Gabriadse

Wiktorija Tokarewa
Fotografie Anatoli Anatoljewitsch Petrizki
Musek Gija Kantscheli
Produktiouns-
gesellschaft
Mosfilm
Schauspiller
Wachtang Kikabidse als Waliko Misandari ("Mimino")
Frunsik Mkrttschjan als Ruben Wartanowitsch Hatschikian ("Rubik-Djan")
Jelena Proklowa als Larissa Iwanowna Komarowa
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Mimino (russ. Мимино) ass e sowjetsche Film vum Regisseur Georgi Danelija vun 1977, dee vum Mosfilm-Studio produzéiert gouf. En huet eng Rëtsch Gielercher gewonnen, dorënner de Gëllene Präis beim 10. Internationale Filmfestival vu Moskau.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

De georgeschen Helikopterpilot Mimino, deen a senger Heemecht fir Versuergungsflich zoustänneg ass, mécht enges Daags um Fluchhafe vun Tiflis Bekanntschaft mat der Stewardess Larissa, sou datt e sech entschléisst, sech ëmschoulen ze loosse fir selwer och déi grouss Fligere vun den internationale Fluchgesellschafte kënnen ze fléien. Hie geet dofir op Moskau, wou e sech am Hotel en Zëmmer mam armeenesche Camionschauffer Rubik deele muss. No engem holprege Start ginn déi zwéi Männer gutt Kolleegen, an de Rubik gëtt dem Mimino verschidde Rotschléi wat d'Larissa ugeet, well dat léisst sech net einfach ëmgaachelen. Iwwerdeems muss de Mimino sech awer och bewosst ginn, wat en da wierklech am Liewe wëll.

Am Ufank kritt ee fantastesch Vuë vu georgesche Biergdierfer vun uewen ze gesinn, duerno begleet een de Mimino bei sëlleche Mini-Abenteuer an deem fir hien ongewinnte Moskau, an am leschten Deel ass de Mimino am Ausland wou e mierkt wat fir hien am Kär zielt. Dat ass deen echte Sujet, deen trotz enger sëllecher Kaméidiszeenen de Film dominéiert: et ass wichteg, sech net selwer ze verléieren.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

  • Mimino ass dat georgescht Wuert fir Spréiwenhuer, och wann op der Récksäit vun der DVD Fallek steet.
  • D'Iddi zum Film ass opkomm, wéi den Dramatiker Reso Gabriadse dem Regisseur Georgi Danelija vun engem Pilot erzielt huet, deen an de Bierger gelieft huet an nuets säin Helikopter mat enger Ketten an engem Schlass un engem Bam festgemaach huet. Dësen Detail huet dem Danelija "cinematographesch" geschéngt, an en ass direkt an déi kleng Stad Telawi gefuer, wou am Pauseraum vun de Piloten déi éischt Skizze fir déi spéider Filmgeschicht entstane sinn. Trotzdeem ass d'Aarbecht du fir d'éischt mol zu Gonschte vun anere Projeten ënnerbrach ginn.
  • An enger erausgeschniddener Zeen treffen de Georgier Mimino an den Armeenier Rubik am Hotelslift op zwéi Japaner, déi ënnert sech op Japanesch soen: "Déi Russe gesinn awer all d'selwecht aus!"
  • Fir den Internationale Filmfestival vu Moskau gouf d'Zeen iwwer den Telefonsuruff op Tel-Aviv erausgeschnidden, well de Cinematographieminister gemengt huet dat géif sech net passe well d'Sowjetunioun deemols keng diplomatesch Bezéieunge mat Israel hat, mä de Regisseur huet drop gepocht datt an der regulärer Kinosversioun dës Zeen nees drakoum.
  • Den Auslandsdeel vum Film sollt an den USA spillen, wou den Held besonnesch staark no sengem klenge Biergduerf verlaangere sollt. Fir Mosfilm war dat awer ze déier, sou datt et just bis op Berlin-Tegel sollt goen, obwuel sowjetesch Fligeren zu deem Zäitpunkt net op West-Berlin geflu sinn. Wéi de Regisseur dorop ugeschwat gouf, sot en, datt d'Handlung zwar op reale Plaze spillt, mä d'Zuschauer sollten de Film hallef als Seeche gesinn.
  • Ursprénglech war virgesinn, vum Wachtang Kikabidse senge Gesangsfäegkeeten ze profitéieren an hien eng ganz Rei Lidder am Film sangen ze loossen. No den éischte Prouwen huet de Kikabidse dergéintgehalen, datt den Held, deem et net läit fir seng Gefiller oppen auszedrécken, net stänneg sange kann. Zeréckbehale goufen dowéinst fir hie just d'Lidder "Чито-гврито, чито-маргалито" a "Приходит день, уходит день", fir déi de Gija Kantscheli d'Melodie komponéiert huet.
  • Dem Dréibuch no ass de Mimino de Meeschter vum relativ onofhängegen Hond Sarpasan (wat op Georgesch "Kanoun" bedeit), dowéinst gouf en Trainer mam klengen Hond Tschapa engagéiert. Et huet sech awer erausgestallt, datt den Tschapa ze gefleegt ausgesinn huet fir an de fräie Bierger opgewuess ze sinn. Wéi se e struppegen Hond ouni Doheem beim Fluchfeld vun Telawi fonnt hunn, dee sech näischt aus dem Kaméidi vum Helikopter gemaach huet, do huet deen ouni besonnesch Ausbildung d'Roll vum Sarpasan däerfe spillen.
  • Et gëtt eng Restaurantskette "Mimino" an zu Sankt Péitersbuerg eng aner déi sech "Chito-gwrito" nennt (no engem vun de Lidder déi fir de Film geschriwwe goufen). An d'Fluchfeld vun Telawi, op deem Zeene vum Film gedréit goufen an dat ëm 1990 zougemaach gi war, gouf 2016 ënner dem Numm Telavi Airport Mimino nees a Betrib geholl"[1].

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1977 — Gëllene Präis um 10. Internationale Filmfestival vu Moskau
  • 1978 — Präis vum beschte Kaméidisfilm um 11. Alluniounsfilmfestival, Jerewan
  • 1978 — "Laceno d'Oro" Präis um 19. IFF zu Avellino (Italien)
  • 1978 — Staatspräis vun der Sowjetunioun am Beräich Literatur, Konscht an Architektur fir Danelija, Kikabidse a Mkrttschjan

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tass vum 26. Abrëll 2016