Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire

Vu Wikipedia
Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire
Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung
Land Lëtzebuerg
Minister Claude Meisch
Verwaltungssëtz Place de l'Europe (Stad Lëtzebuerg)
Adress 4, place de l'Europe L-1499 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 17. November 2023
Um Spaweck https://mlogat.gouvernement.lu/lb/le-ministere.html

De Ministère fir Wunnengsbau a Landesplanung (fr: Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire, gekierzt MLOGAT) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.

En ersetzt engersäits de fréiere Ministère du Logement an anersäits en Deel vum fréiere Ministère de l’Énergie et de l’Aménagement du territoire.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Ministère këmmert sech ëm d'Wunnengsbaupolitik an d'Landesplanung.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen ënner der Kompetenz vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Beräich Wunnengsbau[änneren | Quelltext änneren]

  • Allgemeng Politik iwwer bezuelbare Wunnraum
  • Gesetzgebung iwwer bezuelbare Wunnraum - Steeprimmen: Sozial- a Privatpromoteuren, Begleetkommissioun fir d'Steeprimm, Cahier des charges fir d'Entwécklung vu bezuelbare Wunnraum, Finanzéierungsgesetzer fir grouss Projeten
  • Gesetzgebung iwwer bezuelbare Wunnraum - bezuelbar Locatioun: soziaalt Verlounen, bezuelbare Bail, nationale Regëster fir bezuelbare Wunnraum, strukturéierten Dialog mat de Vertrieder vum bezuelbare Wunnraum, Gestioun vun der sozialer Locatioun
  • Strategie fir de Wunnengsbau: Uschafe vun Terrainen, Uschafe vun Appartementer am Zoustand fir fäerdeg gebaut ze ginn ((fr) vente en l'état futur d'achèvement VEFA); Ausschreiwunge fir bezuelbar Wunnengen; Uschafungskommissioun Logabo29
  • Fonds du logement
  • Société nationale des habitations à bon marché
  • individuell Wunnengsbauhëllefen: Service des aides au logement, Hëllef fir de Kaf vun engem Logement, d'Schafe vun integréierten Appartementer souwéi fir d'Renovatioun an d'Verbesserung vu Wunnengen; Kommissioun fir d'Wunnengsbauhëllefen
  • „Pacte logement 2.0“ mat de Gemenge fir d'Offer vu bezuelbaren an nohaltege Wunnengen eropzesetzen
  • Berodung an Ënnerstëtzung vun de Gemenge fir d'ëffentlech Promotioun a Gestioun vum bezuelbare Wunnraum
  • Ëmsetze vum sektorielle Logementsplang
  • Gesetzgebung iwwer d'Virkaafsrecht
  • Gesetzgebung iwwer d'Locatioun; Loyerskommissioun
  • Gesetzgebung iwwer d'Propretéit vu Locatiounswunnengen a verlounten Zëmmeren
  • Gesetzgebung iwwer d'Koproprietéit
  • Begleedung beim Opstelle vum nationale Regëster vun de Gebaier an Appartementer; Steieren op eidele Wunnengen
  • Wunnengsobservatoire

Beräich Landesplanung[änneren | Quelltext änneren]

  • Allgemeng Politik vun der Landesplanung; interministeriell Koordinatioun vun de sektorielle Politicken a Bezuch op déi regional Entwécklung an de Buedemverbrauch; Industriebroochen a grouss Entwécklungszentren; Ausschaffen an Ëmsetze vum Landesplanungs-Masterplang; Ausschaffen an Ëmsetze vun den territoriale Strategien an den Handlungsraim; Ausschaffen, Ëmsetzen an Iwwerwaache vun de sektorielle Masterpläng an de Landnotzungspläng; Konventiounen iwwer d'Kooperatioun tëscht dem Staat an de Gemengen am Beräich vun der Landesplanung; Observatioun an Iwwerwaache vun der territorialer Entwécklung an dem Buedemverbrauch; Relatioune mam Conseil supérieur de l'aménagement du territoire; national stättesch Politik; Upasse vun de finanziellen Ureizer un déi territorial Entwécklung; Koordinatioun iwwer d'Festleeë vu grousse regionalen, nationalen oder grenziwwerschreidende Sitten am Kader vun den ëffentlechen Investitiounen
  • Observatoire fir d'Weltraumentwécklung
  • Naturparken
  • Grenziwwerschreidend Landesplanung; Entwécklung, Iwwerwaachen an Ëmsetze vu grenziwwerschreidende Landesplanungsstrategien; grenziwwerschreidend Agglomeratiounen
  • International Landesplanungspolitik; territorialen Zesummenhalt; europäesch stättesch Politik; European cross-border mechanism (BridgEU)
  • Kohäsiounspolitik: Koordinatioun vun der Kohäsiounspolitik; Gestioun vun den ESPON an INTERREG-Groussregioun-Programmer; INTERREG A, B, C-Programmer; Urbact an Interact
  • Europäesche Gruppement fir territorial Zesummenaarbecht (GECT)
  • Erliichterungseenheet Urbanismus an Ëmwelt
  • Société de développement Agora Sàrl
  • Nordstadentwécklungsgesellschaft Sàrl

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère du Logement et de l'Aménagement du territoire – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.