Montserrat Caballé

Vu Wikipedia
Montserrat Caballé
Gebuertsnumm María de Montserrat Bibiana Concepción Caballé Folch
Gebuer 12. Abrëll 1933
Barcelona
Gestuerwen 6. Oktober 2018
Barcelona
Doudesursaach Infektiounskrankheet
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Operesänger, Discographesche Kënschtler
Famill
Bestuet mat Bernabé Martí
D'Montserrat Caballé (1971).

D'Montserrat Caballé, mam kompletten Numm Maria de Montserrat Viviana Concepción Caballé i Folc, gebuer den 12. Abrëll 1933 zu Barcelona an och do gestuerwen de 6. Oktober 2018[1],[2], war eng spuenesch Operesängerin an der Stëmmlag Sopran. Si huet als eng vun de bedeitendsten Operesängerinne vum 20. Joerhonnert gegollt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Montserrat Caballé huet am Conservatoire Liceo zu Barcelona Gesang studéiert an hat 1956 hiren éischten Optrëtt zu Basel als Mimi am Puccini senger La Bohème. Ausserdeem war si beim Saarbrécker Theater engagéiert, a vun 1959 bis 1962 beim Theater der Freien Hansestadt Bremen. 1965 huet si d'Marilyn Horne am Donizetti senger Oper Lucrezia Borgia an der Carnegie Hall ersat an de Public begeeschtert. Dat selwecht Joer hat si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York als Marguerite am Charles Gounod sengem Faust, wouduerch s'international bekannt gouf.

D'Caballé war dacks Invité op Festivallen (ë. a. zu Glyndebourne) an ass zanter 1971 och reegelméisseg an der Staatsoper vun Hamburg opgetrueden. Si ass och dacks als Concertssängerin opgetrueden.

Si hat e grousse Repertoire; Schwéierpunkte waren d'Opere vum Rossini, Donizetti a Bellini, ma och vum Verdi a vum Puccini.

Mam Song Barcelona dee si bei der Ouverture-Zeremonie fir d'Olympesch Spiller 1992 an där Stad zesumme mam Freddie Mercury gesongen huet - d'Lidd war schonn 1987 um Album Barcelona publizéiert ginn - gouf s'och engem grousse Public bekannt.

Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

De Lavirgen an d'Caballé an Turandot (1980)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Montserrat Caballé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Muere Montserrat Caballé a los 85 años en Barcelona op elconfidencial.com de 6. Oktober 2018
  2. Déi spuenesch Opernsängerin Montserrat Caballé ass dout op rtl.lu de 6. Oktober 2018