Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg
Den Nëssert am Konviktsgaart (Juni 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress 36, Avenue Marie-Thérèse
Koordinaten 49°36'22,28"N, 6°7'13,08"O
Bamaart Zamen Nëssert
Héicht 21,1 m (2023)
Duerchmiesser 1,32 m (2023)
Ëmfang 4,15 m (2023)
Am Wanter (Januar 2024).

Den Nëssert am Konviktsgaart ass en Nëssert (Juglans regia L.; noyer commun; Walnussbaum) deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert a fräi op engem klengen Hiwwel am fréiere Konviktsgaart an der Stad Lëtzebuerg steet.

Gutt ze gesinn ass de Bam vun der Avenue Marie-Thérèse an och dem Boulevard Grande-Duchesse Charlotte aus. An der Nuecht ass de Bam beliicht.

De Nëssert huet beim Bau vum Altersheem am Konviktsgaart gestéiert, an nëmmen duerch déi energesch Interventioun vun engagéierte Bam-Amateure konnt en erhale bleiwen.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Héicht 18 m; Duerchmiesser vum Stamm: 0,92 m (op Broschthéicht). D'Moosse vun 2023 sinn en Duerchmiesser vun 1,32 m bei enger Héicht vun 21,1 m.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Dëse Bam fënnt een op de Säiten 154 an 155, Text a Foto).
  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 172-173, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nëssert am Konviktsgaart zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien