Catalpa am Eecher Bierg

Vu Wikipedia
Catalpa am Eecher Bierg
De Catalpa am Eecher Bierg (Januar 2024)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Lampertsbierg
Adress 36A, Eecher Bierg,1450 Lëtzebuerg
Koordinaten 49°37'18,98"N, 6°7'49,87"O
Bamaart Catalpa
Héicht 12,5 m (2023)
Duerchmiesser 0,95 m (2023)
Ëmfang 2,98 m (2023)
Catalpa am Eecher Bierg (Lëtzebuerg)
Catalpa am Eecher Bierg
Catalpa am Eecher Bierg
Lag vum bemierkenswäerte Bam

De Catalpa am Eecher Bierg, ass e Catalpa an der Stad Lëtzebuerg, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

De Bam steet am „Englesche Gaart“, laanscht dem Eecher Bierg am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Bam dee laanscht dem Eecher Bierg steet, hat am Laf vun der Zäit keng Problemer fir sech z'entwéckelen. Déi kleng Plaz op där et steet, am Volleksmond „Englesche Gaart“ genannt, gouf tëscht 1868 an 1880 ugeluecht, wéi d'Festung geschleeft gouf. Et ass unzehuelen, datt de Bam deemools mat geplanzt gouf.

Säi Stamm deelt sech an zwéin imposant Haaptäscht, déi sech selwer nees an zwéin oder dräi grouss Äscht splécken. Déi onreegelméisseg Kroun, déi schuppeg Schuel an déi vill Ausbuchtungen, déi wärend dem laange Liewen entstane sinn, loossen de Bam wéi eng Skulptur ausgesinn.

D'Catalpae kommen aus Nordamerika a produzéieren zimmlech spektakulär Friichten. Den Exemplar am Eecher Bierg kritt leider just nach op enger Säit Bléien a Friichten. An den Huelraim vum Bam hu sech eng Rëtsch Insekten, Vullen a Kaweechelcher néiergelooss.

Eng Partie Stäipen a Seeler halen d'Äscht vum Bam fest.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Bam steet zënter 2023 an der Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer
2023 2,98 0,95 12,5

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Text a Foto S. 164-165)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Catalpa am Eecher Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur