Observatorio de Sierra Nevada
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Observatorio de Sierra Nevada (OSN) ass e spueneschen Observatoire um Loma de Dilar, an enger Héicht vun 2.896 m an de Bierger vun der Sierra Nevada an der Provënz Granada. Den Observatoire gouf 1847 gegrënnt. Bedriwwe gëtt e vum Instituto de Astrofísica de Andalucía (IAA). Den Observatoire huet en etlech Spigelteleskopen, déi zwéi gréisst mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 1,5 a 0,9 Meter, desweideren och e speziellt Teleskop fir Infraroutobservatioune mat 0,6 Meter an zwéi kleng Teleskope mat 0,36 Meter.
No derbäi steet och en 30 m-Radioteleskop vum Institut fir Radioastronomie am Millimeterberäich.
Um Spaweck [änneren]
- (en) Homepage