Ombudsman

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Ombudsman(n), w.: Ombudsfra, fr: Médiateur, Médiatrice, ass eng Persoun, déi vun enger offizieller Säit (z. B. enger Regierung oder engem Parlament) agesat gouf, fir d'Interesse vun der Ëffentlechkeet ze vertrieden, andeems se Plainte vun eenzelne Bierger iwwer Ofleef bannent Administratiounen nogeet a versicht, enger Léisung zouzeféieren.

Do dernierft ginn et och Mediateuren, déi net duerch Regierungen agesat goufen, an déi fir Veräiner, NGOen, Beruffsorganisatiounen (wéi z. B. déi vu Banken oder Telecoms-Entreprisen), asw. schaffen.

D'Wuert Ombudsman, am haitege Sënn, kënnt aus dem Schwedeschen, wou et zënter 1809 e parlamentaresche Mediateur gëtt. Vum Jean-Claude Juncker ass de Begrëff "Knoutermann", resp. "Knouterfra" an enger Regierungserkläerung als lëtzebuergesch Iwwersetzung proposéiert ginn; se gëtt awer bis ewell kaum gebraucht.

Inhaltsverzeechnes

De lëtzebuergeschen Ombudsman [änneren]

De lëtzebuergeschen Ombudsman gouf duerch d'Gesetz vum 22. August 2003 agesat.

Aktuellen Titulär vun dem Posten ass zënter dem 1. Februar 2012 d'Lydie Err.[1] Si ass d'Nofolgerin vum Marc Fischbach, dee den 1. Mee 2004 zum éischten Ombudsman zu Lëtzebuerg vun der Chamber gewielt gi war.

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. "Lydie Err: En emotionalen Depart aus der Chamber." RTL.lu - 01.02.2012, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.02.2012, 08:03.