Orson Welles (Marskrater)

Vu Wikipedia
Orson Welles (Marskrater)
Westsäit vum Marskrater Orson Welles
Eegenschaften
Breet - 0,19
Längt - 45,9
Duerchmiesser 115,99 km
Alter
Genannt 2003 nom Orson Welles

Orson Welles ass en Aschlagkrater um Mars. Hie gouf am Joer 2003 nom US-amerikanesche Filmregisseur, Schauspiller an Autor Orson Welles genannt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Krater huet en Duerchmiesser vun 116 km. Hie läit am Héichland Xanthe Terra direkt um Equator, deels bannenzeg vum Lunae Palus- an dem Coprates-Gradfeld. De Chaoteschen Terrain a sengem Kär läit um Ufank vum Shalbatana Vallis.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Dünen um Kraterbuedem vum Orson Welles