Papageien
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Papageien | |||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| En Ara | |||||||||
| Systematik | |||||||||
|
|||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
| Psittaciformes „Wagler“ 1830 |
|||||||||
| Familljen | |||||||||
D'Papageie sinn eng Uerdnung aus der Klass vun de Vullen. Et gi ronn 340 Papageienaarten.
Papageien hunn eng oprecht Kierperhaltung an e kräftege Schniewel. Si erniere sech vu Som, Bieren, Friichten, Nektar, Bléien, Knospen a Wuerzelen. Verschidden Aarte friessen och Insekten a Larven. Si kënne gutt fléien a kloteren. Et sinn déi eenzeg Vullen déi hiert Friesse mat de Féiss festhalen.
Di kléngste Papageie si mat 8 cm Längt d'Spiechtpapageien an déi gréisste sinn d'Hyazinth-Araen mat bis zu 1 m Längt.
Papageie sinn op all Kontinent vertrueden, ausser an Europa an an der Antarktis. An Europa gi si haaptsächlech als Hausdéier gehalen.
| Commons: Psittaciformes – Biller, Videoen oder Audiodateien |