Paralympesch Spiller
D'Paralympesch Spiller, och Paralympics genannt, sinn d'Olympesch Spiller fir Mënsche mat kierperlecher a visueller Behënnerung. Sportler aus iwwer 100 Länner maache mat. D'Paralympesch Spiller goufe fir d'éischt 1948 organiséiert. Zënter 1960 gi se regelméisseg ausgedroen an zënter 1988 si se mat den Olympesche Spiller verbonnen. Si fannen ëmmer 3 Wochen no den Olympesche Spiller op derselwechter Plaz statt. Zënter 1976 gëtt et och déi d'Paralympesch Wanterspiller.
De Begrëff [änneren]
De Begrëff Paralympics kennt vun deenen zwee Wierder “paraplegic” aus dem engleschen: gelähmt an “Olympic”. Offiziell gouf den Numm Paralympics eréischt 1988 a Korea benotzt.
Geschicht [änneren]
Den Neurolog Ludwig Guttmann huet 1948 an England d'Paralympesch Spiller fir d'éischt initiéiert fir se mat den Olympesche Spiller ze verbannen. 1984 war dat kommerziellt Organisatiounsteam vun den Olympesche Spiller vu Los Angeles dogéint, d'„International Games for Disabled“ duerchzeféieren, mat dem Grond datt dat de richtege Sportler hiert professionellt Bild géing verschlechteren. Doropshin huet Gemeng vu Chicago entscheet d'Paralympesch Spiller trotzdeem duerchzeféieren. E puer Méint virum Ufank vun de Spiller huet Gemeng se awer ofgesot mam Argument, et géingen 100.000 $ feelen. Doropshi goufen d'Spiller an zwee gedeelt, een Deel an England an deen aneren zu New York. Zënter 1988 fanne se awer regelméisseg parallel zu den Olympesche Spiller statt. Während de Paralympesche Spiller zu Athen 2004 hu 4.000 Sportler aus 130 Länner matgemaach. D'Sportler goufen am ganze vun 2000 Teambegleeder ënnerstëtzt.
- Bei de Paralympics Summerspiller sinn dës Sportaarten vertrueden: Bouschéissen, Liichtathletik, Dëschtennis, Reiden, Fussball, Judo, Seegelen, Sëtzvolleyball, Rollstullbasketball, Rollstullrugby, Schéissen, Schwammen, Rollstullfechten, Boccia ...
- Bei de Paralympics Wanterspiller sinn dëss Sportarten vertrueden:
Rollstullcurling, Ski, Biathlon ...
| Commons: Paralympic Games – Biller, Videoen oder Audiodateien |