Piet Keizer
De Peter Johannes (Piet) Keizer (* 14. Juni 1943) ass e fréieren hollännesche Foussballist. Tëschent 1962 an 1974 huet hien a 34 Lännermatcher fir déi hollännesch Nationalequipe gespillt an dobäi eelef Goaler geschoss.
De Keizer war an de 60er a 70er Joren ee vun de beschte Spiller an Holland. Mat 17 Joer huet hie fir d'éischt am Kader vum Ajax Amsterdam gespillt, an ee Joer méi spéit war en an der Nationalequipe.
Mam Ajax Amsterdam war de Keizer sechsmol hollännesche Meeschter a fënnefmol Coupe-Gewënner. Tëschent 1972 an 1974 huet e mat sengem Veräin dräimol hannereneen d'UEFA-Coupe vun de Landesmeeschtere gewonn an 1972 och d'Coupe du Monde.
De Keizer huet beim Ajax Amsterdam an 365 Matcher matgespillt a steet domat op der 4. Plaz vun de meeschten Asätz am Veräin.