Pirate Parties International

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
██ Offiziell agedroe Piratepartei ██ Actif, awer net agedroe Piratepartei ██ Diskutéiert ënnerhalb vun PP-International ██ Keng Piratepartei
██ Member vunn Pirate Parties International ██ Actif Piratepartei, mä net Member vu PPI

Pirate Parties International (PPI) ass déi international politesch Bewegung vun de Pirate Parteien. Si ass formell am Joer 2010 op der PPI Konferenz zu Bréissel gegrënnt ginn.[1]

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

D'Statute vum PPI[2] ginn hir Ziler als:

hëllefen Pirate Parteie rondrëm d'Welt ze grënnen, z'ënnerstëtzen an bekannt ze maachen, an d'Kommunikatioun an d'Zesummenaarbecht zwëscht deene Parteien z'erméiglechen.

D'PPI huet och als Zil d'Piratebewegung bekannt ze maachen, ze verbreeden an ze vereenheetlechen duerch Koordinatioun, Deele vun Informatiounen, an Hëllef bei der Grënnung vun neie Pirateparteien.[2]

D'Partei strieft duerno Gesetzer iwwer Urhiewerrecht a Patenter ze reforméieren. De Programm enthält och Ënnerstëtzung a Stärkung vum Recht op d'Privatsphär, souwuel um Internet wéi och am res extensa (am "richtege Liewen"), an d'Transparenz vun de staatleche Verwaltungen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Piratepartei war déi schwedesch Piratpartiet, gegrënnt den 1. Januar 2006 vum Rick Falkvinge. Aner Pirateparteien a Gruppen goufe gegrënnt an Éisträich, Dänemark, Finnland, Däitschland, Irland, Holland, Polen a Spuenien. Am Joer 2007, sinn Vertrieder vun deene Parteien zu Wien (Éisträich) zesummekomm fir eng Allianz ze grënnen a fir d'Europawahlen 2009 virzebereeden.[3] Duerno hunn nach sou Konferenzen 2008 zu Berlin an zu Uppsala stattfonnt. Déi zweet Konferenz huet dann zu der sougenannter "Uppsala Declaration" gefouert, engem Grondwalprogramm.[4]

Am September 2008 ass den Andrew Norton (Vereenegt Staaten) zum Coordinateur fir de PPI Grupp ernannt ginn. Am August 2009 ass hien zréck getrueden[5] an huet seng Funktioun viru ginn un ee "coreteam" dee geleet ginn ass vum Patrick Mächler a vun Samir Allioui. Wéi de Patrick Mächler am Mäerz 2010 zréckgetrueden ass huet de lëtzebuerger Jerry Weyer seng Plaz iwwerholl.[6]

Am Joer 2009 huet déi original schwedesch Piratepartei 7.1% vun de Stëmme kritt [7] an den Europawalen, an huet 2 vun den 18 schwedesche Sëtz kritt. Deen Erfolleg war inspiréiert ginn vun engem Memberszouwuess nom Prozess an der Veruerteelung am Joer virdru vun 3 Membere vun der ideologesch noer Pirate Bay.[8]

Den 18. Abrëll 2010 ass d'Pirate Parties International formell gegrënnt ginn op der PPI Konferenz vum 16. Abrëll zum 18.[1]

De 17. Januar 2011 ass den Slim Amamou, een Aktivist vun der Tunesescher Piratepartei Tunisian Pirate Party, zum Staatsekretär fir Jugend a Sport an der Tunesescher Regierung ernannt ginn[9][10][11] a schonn de 25. Mee nees vu senger Positioun zréckgetrueden. Hien sot datt seng Missioun eriwwer wier soubal d'Land demokratesch Wale geplangt hatt.[12]

Bei de Berliner Landeswalen Am September 2011 huet d'Piratepartei 8.9% vun de Stëmme kritt, an domat hir éischt Sëtzer an engem Staatsparlament iwwerhaapt.[13]

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

D'PPI gëtt vun engem Comité verwalt dee sengersäits vun zwéi Kopresidente geleet gëtt.[14] Politik, Leedung a Memberschaftsunträg falen ënner d'Verantwortung vun der Generalversammlung, déi op d'mannst eemol d'Joer zesummekomme muss.[15]

PPI Comitée bis haut
Waldatum Kopresidenten Haaptverwalter Chefcomptabel Comités Memberen
18. Abrëll 2010 Gregory Engels, Jerry Weyer Joachim Mönch Nicolas Sahlqvist Jakub Michálek, Bogomil Shopov, Aleksandar Blagojevic
13. Mäerz 2011 Samir Allioui, Marcel Kolaja Lola Voronina Patrick Mächler Finlay Archibald, Thomas Gaul, Paul Da Silva

Weltwäit Pirateparteiebewegung[änneren | Quelltext änneren]

Ausserhalb vu Schweden si Pirateparteien a 40 Länner gegrënnt ginn[16], inspiréiert vun där schwedescher Initiativ.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pirate Parties International – Biller, Videoen oder Audiodateien

Offiziell Websait

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]