Portal Astronomie/Aktuelles (Archiv 2014)

Vu Wikipedia
  • 31. Dezember 2014: No de geliwwerten Donnéeë vun der Raumsond Rosetta vum Koméit Tschurjumow-Gerassimenko ass den Urspronk vum ierdesche Waasser éischter Asteroide wéi Koméiten zouzeschreiwen. [1]
  • 12. November 2014: D'Raumsond Rosetta huet de Lander Philae op dem Koméit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko ofgesat. Bedéngt duerch déi minim Unzéiungskraaft vum Koméit, hat d'Sond dräimol missen opsetze fir stoen ze bleiwen. Dëst ass déi éischt mëll Landung vun engem Raumfluchkierper op engem Koméit.[2]
  • 26. Juli 2014: Nei Biller vun der Raumsond Rosetta vum Koméit Tschurjumow-Gerassimenko loossen éischt Detailer vu senger Uewerfläch erkennen. [3]
  • 30. Juni 2014: Dat neit Instrument SPHERE (Spectro-Polarimetric High-contrast Exoplanet REsearch) am Very Large Telescope am Paranal-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire huet Ufank Juni seng éischt Observatiounen (Éischt Liicht) gemaach. Et soll mat direkte Biller d'Erfuersche vun Exoplanéite revolutionéieren. [4]
  • 22. Mee 2014: E méiglech neie Meteorstroum, d'Camelopardaliden, ginn an der Nuecht vum 23. Op de 24. Mee 2014 erwaart. De Stroum geet op de Koméit 209/P LINEAR zeréck. D'Viraussoe schwätzen vun 100 Meteore pro Stonn. [5]
  • 17. Mäerz 2014: US-Physiker hunn duerch Analyse vun der kosmescher Hannergrondstralung fir d'Éischt direkt Hiweiser op d'Existenz vun der kosmescher Inflatioun fonnt. [6] [7] [8]
  • 27. Februar 2014: 715 nei Expoplanéiten am Orbit vun 305 verschiddene Stäre huet d'NASA op ee Coup gemellt. Et ass e Resultat an eng Auswäertung vun den Donneeën vun der Kepler-Weltraumteleskop-Missioun. 95 Prozent vun de Planéite sinn méi kleng wéi de Neptun. Méiglech ass déi grouss Zuel un Entdeckungen duerch eng nei Method. [9]
  • 21. Januar 2014: An der Galaxie Messier 82 gouf eng Supernova vum Typ Ia entdeckt. Mat enger Distanz vu ronn 12 Millioune Liichtjoer ass dat eng vun den äerdnooste Supernovaen zanter 1987. [10]