Prix de Raville
De Prix de Raville ass e Lëtzebuerger Konschtpräis deen all zwee Joer un een oder méi Lëtzebuerger Konschtschafent, deenen hir Wierker um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt sinn, vergi gëtt. De Prix de Raville gëtt ofwiesselnd mat dem Prix Pierre-Werner verginn.
De Präis ass 1987 vun der UCL-Bank an d'Liewe geruff ginn, a krut den Numm "Raville" well d'Bank am Haiser-Komplex Raville an der Stad war. Nodeems d'Dresdner Bank 1997 zwee vun den Haiser am Raville-Komplex vun der UCL-Bank ofkaaft hat, huet si och d'Stëftung vum Prix de Raville mat iwwerholl.
D'Critèrë fir de Präis sinn eng héich Qualitéit an Individualitéit vun engem Wierk dat méiglechst onofhängeg vun auslännesche Konschtstréimungen an Aflëss soll sinn.
Um Salon 2007 - Luxembourg et Grande Région deen am Kader vu "Lëtzebuerg a Groussregioun, europäesch Kulturhaaptstad 2007" organiséiert gouf, war de Prix de Raville ausnamsweis fir e lëtzebuergesche Konschtschafenden, a säin Invitée aus der Groussregioun virgesinn. Bei där Geleeënheet huet d'Dresdner Bank de Betrag vum Prix de Raville, deen sech déi zwéi Konschtschafent gedeelt hunn, verduebelt.
[änneren] Laureaten
- 1987 : Patricia Lippert a Gast Michels
- 1989 : Jean-Marie Biwer
- 1991 : Anna Recker a Jeannot Bewing
- 1993 : Robert Brandy
- 1995 : Nico Thurm
- 1997 : Jean Leyder
- 1999 : Trixi Weis
- 2001 : Jhemp Bastin
- 2003 : Luc Ewen
- 2005 : Dany Prum
- 2007 : Carine Kraus a Maria Steinmann
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Aner Konschtpräiser vum CAL
Prix Pierre-Werner – Prix Grand-Duc Adolphe – Prix d'encouragement aux jeunes artistes