Raclette
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Raclette ass en original Schwäitzer Rezept. Den Numm Raclette kënnt vum franséische racler d.h. ofschappen. Fréier ass en hallwe Kéis bei d'Feier gehale ginn bis déi iewescht Schicht ugefaang huet ze schmëlzen. Dunn ass déi Schicht op e gewiermten Teller ofgeschappt ginn a mat Peffer gewierzt ginn.
Hautdesdaags gëtt et extra Raclettesgeschir wou ee mat Pännecher schafft. D'Hëtzt gëtt dobäi vun engem Hëtzstaf produzéiert, d'Pännecher stellt een drënner an de Kéis oder wat ee soss nach dobäi mécht, wéi z. B. Paprika, Kornischongen, Ënnecher, Speck, Gromperen, oder och aner Saachen, ginn dann dorënner waarm gemaach.
Bibliographie [änneren]
| Commons: Raclette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
