Kornischong

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kornischong
Cucumis sativus

Cucumis sativus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Rosopsida
Uerdnung: Cucurbitales
Famill: Kürbisplanzen
Gattung: Cucumis
Aart: Kornischong
Wëssenschaftlechen Numm
Cucumis sativus
L. 1753

D'Kornischong (Cucumis sativus) ass eng Aart aus der Famill vun de Kürbisgewächser an och hir gréng fest Bierefruucht déi een iesse kann. Wéi all Bierefriichten gëtt se hire Som eréischt fräi, wann d'Fruuchtfleesch vergeet. Si besteet bis zu 97 Prozent aus Waasser. Mat 9,7 kcal pro 100 g gëllt se als kalorienaarm. Si ass aus enger fleescheger Bierefruucht mat eefërmegen, platte Somkären.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

D'Kürbisgewächs huet seng Originnen an Ostindien. Do gouf et schonn am 3. Joerhonnert viru Christus ugebaut. Et war schonn den ale Griichen an de Réimer bekannt.

Gebrauch [änneren]

Kornischonge kann ee réi iessen. Si kënnen duerch Mëllechsaiergärung als Concomberen (richteg Sauer Kornischongen) oder mat Esseg agekacht als Essegkornischongen oder Gewierzkornischonge konservéiert ginn.

Inhaltsstoffer [änneren]

Kornischongen hunn en héije Gehalt vu Vitamin K an vu Kalium, Zénk a Mangan.

Gesondheetswäert [änneren]

Kornischonge solle kill gelagert ginn a kënne sech esou bis zu e puer Deeg halen. Wa méiglech soll ee se net schielen, well di meeschte Vitaminnen a Mineralstoffer just ënnert der Schuel leien. D´Schuel soll dowéinst och net chemesch behandelt ginn.

Commons: Cucumis sativus – Biller, Videoen oder Audiodateien