Ralph Diseviscourt

Vu Wikipedia
Ralph Diseviscourt
De Ralph Diseviscourt beim
Race Across America 2016
Gebuer 3. Juli 1976
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

De Ralph Diseviscourt, gebuer den 3. Juli 1976, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler[1].

Am Race Around Austria nonstop iwwer 2.200 km a mat 30.000 Héichtemeter ass de Ralph Diseviscourt an 3 Deeg an 21 Stonnen (vum 11. bis de 15. August 2020) op déi 3. Plaz komm[2].

Den 11.-12. Juli 2020 huet de Ralph Diseviscourt um 5 km laangen Tour ronderëm d'Basenge vum Veianer Pompelspäicherwierk um Niklosbierg mat 915,39 Kilometer de 24-Stonne-Weltrekord opgestallt. Gläichzäiteg huet hien domat och nach 9 aner Rekorder opgestallt[3].

Hien huet 2019 de Glocknerman Ultra iwwer eng Distanz vun 1.000 km a 16.000 Héichtemeter a 34 Stonnen an 10 Minutte gewonnen[4]. De Glocknerman Ultra zielt als d'Weltmeeschterschaft an der Extremsportaart Ultravëlosmarathon.

2023 huet hien, ouni Ekipp am Réck, d'Tour des Stations, eng Course iwwer 1000 km an 26.000 Meter Héichtenënnerscheed an der Schwäiz gewonnen. Op der Arrivée hat hien eng Avance vun iwwer zwou Stonnen op de Fransous Victor Richard.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Ralph Diseviscourt op siteducyclisme.net
  2. Race Around Austria, Ergebnisse 2020
  3. Ralph Diseviscourt – 24 hour Outdoor Track Record Attempt – July 11-12, 2020, gelies de 15. August 2020
  4. Glocknerman Resultater 2019