Reichsbahn zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

An der Zäit vu senger Existenz war dat lëtzebuergescht Eisebunnsnetz zweemol ënner däitscher Direktioun, dovun déi éischt Kéier nëmme fir d'Strecke vum GL tëscht 1872 an 1918 an duerno ganz an der Zäit vum Zweete Weltkrich.

1871-1918[änneren | Quelltext änneren]

Wéi nom Däitsch-Franséische Krich 1871 Elsass-Loutrengen bei d'Däitscht Räich koum, waren d'GL-Strecken zu Lëtzebuerg mat dovu betraff.

Am §. 6 vum Zousaz-Artikel I. vum Friddensvertrag tëscht dem Däitsche Räich an der Franséischer Republik den 10. Mee 1871[1] war festgehale ginn, datt d'Exploitatioun vun den Eisebunnsstrecken am Elsass, déi bis dohi vun der franséischer Compagnie de l'Est gemaach gouf, sollt vun der elsässescher Reichsbahn iwwerholl ginn. Domat wier de lëtzebuergeschen Deel, dee vun där Gesellschaft exploitéiert gouf, vum franséischen Netz ofgeschnidde gewiescht, well d'Konzessioun fir Lëtzebuerg net einfach sou konnt mat iwwerholl ginn. Dofir gouf dann den 11. Juni 1872 tëscht der Lëtzebuerger Regierung an dem däitsche Räich en Accord ënnerschriwwen an deem festgehale gouf datt Generaldirektioun vun de Räichsbunnen an Elsass-Loutrengen zu Stroossbuerg d'Exploitatioun bis den 31. Dezember 1912 sollt iwwerhuelen. De 16. September 1872 huet d'Räichsbunn d'Exploitatioun vum Schinnennetz iwwerholl[2].

Duerch eng Konventioun vum 11. Oktober 1876, festgehalen am Arrêté vum 16. November 1876 gouf de Bau vun der Eisebunnsstreck Esch - Däitsch-Oth an d'Wee geleet.[3] D'Konzessioun goung un d'GL-Bunnen ënner der Direktioun vun der R E-L.

Am Kader vum Däitschen Zollveräin huet Däitschland ëmmer nees probéiert fir méi grouss Exploitatiounsrechter op de GL-Strecken ze kréien. Schliisslech gouf den 11. November 1902 eng nei Konventioun ënnerschriwwen an där déi Keeserlech Elsass-Loutrengesch Bunn méi Fräiheete bei der Exploitatioun krut, an et gouf e Pachtvertrag gemaach deen iwwer déi ganz Zäit vun der GL-Konzessioun d. h. bis 1959 sollt goen. Vun deem Kontrakt waren all d'GL-Strecke betraff mat Ausnam vun der Streck Ëlwen-Wilwerdang-belsch Grenz.[4] Déi Situatioun ass bestoe bliwwe bis 1918 wéi Elsass-Loutrengen erëm franséisch gouf.

Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den däitschen Okkupant am Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg ageréckt ass, koum et ënner der Fuchtel vun der Reichsbahn zu enger totaler Neiuerdnung vum Lëtzebuerger Streckennetz.

De 27. November 1940 gouf duerch eng Ordonnanz vum Chef der Zivilverwaltung, dem Gauleiter Simon, d'lëtzebuergescht Eisebunnsnetz der Reichsbahn ënnerstallt.[5]

D'Reichsbahndirektioun Saarbrécken huet den 1. September 1940 de Betrib vun de WL-Strecken an den 1. Dezember dee vun de PH-Strecken iwwerholl. D'WL-Strecke goufe vum Eisenbahnbetriebsamt Luxemburg 1 an d'PH-Strecke vum Eisenbahnbetriebsamt Luxemburg 2 geleet. Den 1. August 1941 goufen déi däitsch Fuerdéngschtvirschrëften an déi däitsch Signaluerdnung zu Lëtzebuerg agefouert.

Duerch eng weider Ordonnanz vum Gauleiter vum 29. Mee 1942 huet d'Däitscht Räich d'WL-, d'PH- an d'Schmuelspurstrecken, déi dem Lëtzebuerger Staat gehéiert hunn, iwwerholl[6]. Vum 1. Juni 1942 u war d'däitscht Reichsbahngesetz vum 4. Juli 1939 op d'lëtzebuergesch Bunnen unzewenden.

D'Anlagen, d'Signalisatioun asw. goufen den däitsche Virschrëften no ugeglach. De Betrib gouf mat dem fréiere lëtzebuergesche Personal weidergefouert. Déi wichteg Plaze goufen allerdéngs vu Räichsdäitsche besat. Deem géintiwwer goufe virun allem lëtzebuergesch Maschinisten an Däitschland an an déi besat Ostgebidder ofkommandéiert. D'Eisebunner goufe gezwongen der VdB bäizetrieden.

Vum Mee 1944 u waren d'Eisebunnsanlagen d'Zil vun den alliéierte Bommenugrëffer: d'Gleiser, d'Atelieren, den Depot an d'Brécken am Beräich vun der Gare Lëtzebuerg ware staark betraff. D'Gebai selwer vun der Gare blouf verschount.

Well den Amarsch vun den amerikaneschen Truppen net méi laang konnt daueren, huet déi däitsch Verwaltungsobregkeet den 1. September 1944 d'Land verlooss. Dee reschtlechen Zuchverkéier huet nëmme méi dozou gedéngt, déi Däitsch an och lëtzebuergesch Kollaborateuren a Richtung Waasserbëlleger Grenz z'evakuéieren.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Friedens-Vertrag zwischen dem Deutschen Reich und Frankreich
  2. Federmeyer, E., Eisenbahnen in Luxemburg, Eisenbahnkurier 1984, Säit 264
  3. Gesetz vum 16. November 1876 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2012-07-16.
  4. Loi du 3 avril 1903, portant approbation de la convention conclue entre le Grand-Duché et l'Empire allemand, le 11 novembre 1902, concernant l'exploitation des chemins de fer Guillaume-Luxembourg.
  5. Kronobase
  6. Federmeyer, Ed, Eisenbahnen in Luxemburg, Band 1, S.72