René Pizzaferri

Vu Wikipedia
René Pizzaferri
Gebuer 1948
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Gewerkschaftler

De René Pizzaferri, 1948 zu Rëmeleng gebuer, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler (OGBL) an Expert fir Gesondheets- a Rentefroen.

De René Pizzaferri ass zanter 1969 haaptberuffleche Gewerkschaftssekretär, fir d'éischt beim Lëtzebuerger Arbechter Verband (LAV) a vun 1979 un beim Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg (OGBL). Zanter 1984 ass hie Member vum Exekutivbüro vum OGBL.

Hien huet sech op Sozialfroe spezialiséiert a gëllt als Expert fir alles wat de Krankekeesen- a Pensiounskeesesystem zu Lëtzebuerg ugeet. Hien ass als gewielte Gewerkschaftsvertrieder Member vun de wichtegste Gremie vun der lëtzebuergescher Sécurité sociale.

De René Pizzaferri ass zanter 1995 och Grënnungspresident vun der A.s.b.l. Patiente Vertriedung, déi sech fir d'Interessi vun de Patienten asetzt. Seng verschidde Kapen, als Gewerkschaftler dee sech fir d'Salariéen an de Klinicken asetzt an als President vun der Patiente Vertriedung, ginn ënner anerem vun de Patronatsvertrieder kritiséiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]