René Weiss

Vu Wikipedia
René Weiss
Gebuer 11. August 1915
Gestuerwen 4. Mee 2001
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist

De René Weiss, gebuer den 11. August 1915 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 4. Mee 2001 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Cheemiker a Chimiesprofesser.

De René Weiss, dee säi pedagogesche Stage 1940 mat enger wëssenschaftlecher Dissertatioun iwwer d'B-Vitaminnen ofgeschloss hat,[1] gouf an de Joren 1940 bis 1942 vum preiseschen Okkupant an Däitschland deplacéiert. Den 23. Dezember 1944 krut hien eng Nominatioun als Professer an der Escher Industrieschoul,[2] déi den 28. Abrëll 1945 den Numm "Lycée de Garçons" krut,[3] a wou hie bis 1956 bliwwen ass.[4] De Rescht vu senger Carrière war de R. Weiss als Chimiesprofesser um "Cours supérieur", dem spéidere "Cours universitaire", wou hien 1955 seng éischt Course gehalen hat. Vun 1971 bis 1980 huet hien den "Département des sciences" als Administrateur geleet.

1951 hat de R. Weiss op der Universitéit vu Stroossbuerg eng Thees iwwer de Metabolismus vum Phosphor am Laf vun der Germinatioun vun de Somkäre presentéiert. 1953 ass hie Member vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal ginn. Vun 1971 bis 1980 war hie Sekretär vun der Sektioun.

De René Weiss huet tëscht 1955 an 1970 eng Rei Konferenze fir d'Membere vun der Société des naturalistes luxembourgeois (SNL) gehalen,[5] wou hien iwwer cheemesch Sujete wéi aktivéiert Essegsaier (1965), Isomerie (1968), Adenosintriphosphat (ATP) (1970), mä och iwwer Nobelpräisträger (1960) an Dauchen am Mier (1955) geschwat huet.[6]

De René Weiss huet Lëtzebuerg an der International Union of Pure and Applied Chemistry (I.U.P.A.C.) vertrueden.[7]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Weiss, R., 1953. Contribution à l'étude du métabolisme du phosphore au cours de la germination des graines. Luxembourg, V. Buck, 66 S. (Thèse présentée à la Faculté des sciences de l'Université de Stasbourg pour obtenir le grade de Docteur ès sciences naturelles).
  • Weiss, R., 1953. Contribution à l'étude du métabolisme du phosphore au cours de la germination des graines. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 20 (1951-153), S. 127-157.
  • Weiss, R., 1953. Évolution des acides nucléiques au cours de la germination des graines oléagineuses. In: Actes du Congrès de Luxembourg, 72e session de l'Association française pour l'avancement des sciences. Publications littéraires et scientifiques du Ministère de l'Éducation nationale du Grand-Duché de Luxembourg, 3, S. 300-302.
  • Weiss, R., 1954. Deine Gesundheit. Zusammenstellung von Artikeln, die wärend der Jahre 1949-1953 in der "Revue de la Jeunesse" erschienen sind. Luxembourg, Croix Rouge de la Jeunesse, 72 S.
  • Weiss, R., 1966. Deine Gesundheit. Recueil d'articles parus dans la "Revue de la Jeunesse". Luxembourg, Croix rouge luxembourgeoise de la Jeunesse, impr. Bourg-Bourger, 192 S.
  • Weiss, R., 1974. Gustave Faber, 1880-1972. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 36 (1972-1973), S. 18-20.
  • Weiss, R., 1979. Robert Stumper, 1895-1977. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 38(1977/1978), S. 15-25.
  • Weiss, R., 1979. Alphonse Willems, 1896-1976. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 38 (1977/1978), S. 26-28.
  • Weiss, R., 1993. Gustave Faber. In: Le livre d'or du Lycée de Garçons de Luxembourg. Luxembourg, S. 218-219.

De René Weiss huet och am "Bulletin de la Société de chimie biologique de France" publizéiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Seck, P., 2002. Hommage à René Weiss (1915-2001). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 44, S. 297-299.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Seck 2002, S. 298.
  2. Établissements d'Enseignement secondaire: Chroniques des années 1944-45, 1945-46 et 1946-47. Luxembourg 1947, S. 210. Cf. Mémorial 1944, S. 160.[1]
  3. Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, Impr. St Paul, S. 53 an 89.
  4. Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 1901-2001. Luxembourg, Impr. St Paul, S. 408.
  5. De René Weiss ass 1939 Member vun der SNL ginn. An dem SNL-Bulletin vun 1939 figuréiert hien nach als Stagiär an der Industrieschoul um Lampertsbierg (École industrielle et commerciale) (Bulletins mensuels de la Société des naturalistes luxembourgeois, 1939, S. 175.). An dem Bericht vun der Sitzung vum 4. Dezember 1939, wou hien definitiv opgeholl ginn ass, gëtt de R. Weiss als "professeur au Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette" presentéiert, e kloren Anachronismus, deen dorop zeréckzeféieren ass, datt de Rapport eréischt 1946 erauskoum (Assemblée mensuelle de décembre 1939. Lundi, 4 décembre 1939. Bulletins mensuels de la Société des naturalistes luxembourgeois, 1946. Comptes-rendus des séances, 1940 à 1946, S. 4.),
  6. J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 91, S. 261, 309.
  7. W. A. Noyes, Jr. & H. W. Thompson: The Organization and Functions of the International Union of Pure and Applied Chemistry (I.U.P.A.C.). Pure and Applied Chemistry 1960, Vol. 1, Issue 1, S. 9.[2]
    Kuckt och: R. Weiss, 1957. Rapport sur le 16e Congrès International de Chimie Pure et Appliquée et la 19e Conférence de l'IUPAC (International Union of Pure and Applied Chemistry). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S. 25, S. 15-19. (Dee Kongress huet vum 18. bis de 24. Juli 1957 zu Paräis stattfonnt.)