Ricardo Bofill

Vu Wikipedia
Ricardo Bofill
Gebuertsnumm Ricardo Bofill Leví
Gebuer 5. Dezember 1939
Barcelona
Gestuerwen 14. Januar 2022
Barcelona
Nationalitéit Spuenien
Educatioun Universitéit vu Genf
Aktivitéit Architekt, Urbanist, Filmregisseur, Schrëftsteller
Famill
Bestuet mat Serena Vergano
Liewenspartner(in) Serena Vergano

De Ricardo Bofill Leví, gebuer de 5. Dezember 1939 zu Barcelona an och do de 14. Januar 2022 gestuerwen, war e spueneschen Architekt am postmoderne Stil.

No sengem Architekturstudium zu Barcelona an zu Genf huet hien 1963 a senger Heemechtsstad säi Cabinet, den Taller de Arquitectura, gegrënnt. 1971 huet hien zu Paräis eng Filial opgemaach, wou en an den 1980er Jore verschidde Citéën entwéckelt huet.

2000 goung en hannescht op Barcelona, wou säin "Architekturatelier" an engem alen Zementwierk ënnerburecht ass.

Zu senge bekanntsten Entwërf zielen d'Citéen Espaces d'Abraxas zu Noisy-le-Grand a Les Arcades au Lac zu Saint-Quentin-en-Yvelines, de Quartier Antigone zu Montpellier oder awer de W Hotel zu Barcelona a Form vun engem Seegel. Zu Lëtzebuerg huet hien den Entworf vun der Place de l'Europe um Kierchbierg gemaach, mat ë. a. den zwéin Tierm vun der Porte de l'Europe.

Buch[änneren | Quelltext änneren]

  • Ricardo Bofill: La Arquitectura de un hombre. Madrid 1984

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ricardo Bofill – Biller, Videoen oder Audiodateien