Robert Thorn

Vu Wikipedia
Robert Thorn
Gebuer 24. August 1925
Gestuerwen 23. November 2011
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Herpetolog


De Robert Thorn, gebuer de 24. August 1925 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 23. November 2012, war e lëtzebuergeschen Herpetolog.

De Robert Thorn, dee virdrun Offizéier an der belscher Handelsmarine war, huet vun 1955 u bis zu senger Preretraite am Joer 1982 als Employé bei der Arbed geschafft. Hie war um Schluss vu senger Carrière « Chef comptabel » am Sëtz vun der Arbed an der Stad.

Den Herpetolog[änneren | Quelltext änneren]

De R. Thorn, dee vu Jonktem u Molchen a Salamandere geziicht huet, war en unerkannten Herpetolog. Säi Buch « Les Salamandres d'Europe, d'Asie et d'Afrique du Nord », deem seng Préface vum Jean Rostand geschriwwen gouf, mat deem de R. Thorn a privatem Kontakt stoung, huet hien international bekannt gemaach. Eng zweet, zesummen mam Jean Raffaëlli revidéiert a komplettéiert Editioun, ass 2001 ënner dem Titel « Les Salamandres de l'Ancien Monde » erauskomm.

De Robert Thorn war e « Correspondant » vum Muséum national d'histoire naturelle vu Paräis an e « Collaborateur scientifique » vum lëtzebuergeschen naturhistoresche Musée. Hie war « Membre correspondant » vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal.

Den Naturalist an Naturschützer[änneren | Quelltext änneren]

De R. Thorn huet sech awer net nëmme fir Lurchen intresséiert. Esou huet hien 1993 de Léopold Reichling op d'Entdeckung vum Far Trichomanes speciosum an der Géigend vun der Petite Suisse opmierksam gemaach, wou si dann zesummen no der Planz gesicht a se duerno experimentell geziicht hunn.[1]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Als Unerkennung fir säin Asaz fir de Naturschutz krut de R. Thorn de Präis Hëllef fir d'Natur 1999, deen him den 11. Februar 2000 iwwerreecht gouf.

2004 gouf hie Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg.[2]

Am Abrëll 2005 krut hien d'«Professer-Dr.-Edmond-Klein-Medail» am Vermeil vum Veräin AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Thorn, R., 1968. Les Salamandres d'Europe, d'Asie et d'Afrique du Nord. Lechevalier, Paris, 376 S.
  • Thorn, R. & J. Raffaëlli, 2001. Les Salamandres de l'Ancien Monde. Société Nouvelle des Éditions Boubée, Paris, 449 S.

Artikelen[änneren | Quelltext änneren]

  • Thorn, R., 1966. Salamandres et Tritons. Aperçu sur l'ordre des Urodèles avec quelques considérations sur la phylogénie des ces animaux. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 69 (1964), S. 101-111.
  • Thorn, R., 1967. Nouvelles observations sur l'éthologie sexuelle de l'Hynobius nebulosus (Temminck et Schlegel: Caudata, Hynobiidae). Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 32 (1966), S. 267-271
  • Joly, J., B. Picheral & R. Thorn, 1974. Particularités du testicule d'un amphibien urodèle primitif. Bulletin de la Société zoologique de France 99 (1974), N° 1, S. 139-140.
  • Thorn, R., 1975. Amphibien und Reptilien. In: Natura (Hrsg.): In Luxemburg geschützte Tiere. Luxemburg, S. 29-50.
  • Clergue-Gazeau, M. & R. Thorn, 1979: Une nouvelle espèce de salamandre du genre Batrachuperus, en provenance de l'Iran septentrional (Amphibia, Caudata, Hynobiidae). Bulletin de la Société d'Histoire Naturelle de Toulouse, vol. 114 (1978), S. 455-460.
  • Thorn, R., 1979. Jean Rostand. 1894-1977. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 38 (1977/78), S. 10-14.
  • Parent, G.H. & R. Thorn, 1983. Un cas de flavisme chez le Triton alpestre (Triturus alpestris Laur.) au Grand-Duché de Luxembourg. Revue française d'aquariophilie 10 (1), S.. 21-24.
  • Thorn, R., 1986. Propos sur le comportement sexuel et sur la reproduction en captivité chez quatre espèces de Salamandres de la famille des Hynobiidés (Amphibia, Caudata). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 86, S. 67-74.
  • Thorn, R., 1990. Die Erhaltung von Hyla arborea (Laubfrosch) in Luxemburg. AAT-Garten- und Teichfreunde Luxemburgs, Nr. 27 (September 1990), S. 2-3.
  • Thorn, R., 1991. Observations et notes sur diverses espèces de Salamandres (Amphibia, Caudata). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 92, S. 79-83.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Reichling, L. & R. Thorn (collab.), 1997. Trichomanes speciosum Willd., un mystérieux passager clandestin. Adoxa N° 15/16 (avril 1997), S. 1-3.
  2. Lëscht vun de Leit déi 2004 am Kulturministère een nationale Uerde kritt hunn