Roger Steffen

Vu Wikipedia
Roger Steffen
Gebuertsnumm Roger Paul Steffen
Gebuer 6. Abrëll 1924
Lens
Gestuerwen 7. Mee 1994
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Roger Steffen, gebuer den 6. Abrëll 1924 zu Lens, a gestuerwen de 7. Mee 1997 zu Gréiwemaacher, war e lëtzebuergesche Moler[1].

De Roger Steffen gouf a Frankräich gebuer. Seng Eltere ware Lëtzebuerger.[2]. Hien ass zu Gréiwemaacher opgewuess. Säi Secondaire hat hien an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg gemaach, an hat do ë. a. de Jean-Pierre Calteux als Professer. Hie wollt Zeecheprofesser ginn, gouf awer wärend dem Zweete Weltkrich vum däitschen Okkupant wéinst senger patriotescher Haltung aus der Schoul gehäit[3]. Hien huet duerno de Moler Jean-Pierre Beckius kennegeléiert, dee säin Enseignant a Virbild gouf. De Roger Steffen gouf 1943 an den Aarbechtsdéngscht an an d'Wehrmacht zwangsrekrutéiert, aus där hien awer 1944 desertéiert ass[4].

Nom Krich koum hien zeréck an de Grand-Duché. 1946 goung hien op d'École des beaux-arts an op d'Académie de la Grande-Chaumière zu Paräis[5]. 1947 huet hien d'Gabrielle Breyer, d'Wittfra vu sengem grousse Virbild Beckius, bestuet[2].

De Roger Steffen huet Portraiten a Landschafte gemoolt, bekannt si virun allem seng Biller vun der Muselgéigend. Hien hat seng Wierker ë. a. an de Salone vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt. Hie war och als Amateurfilmer aktiv, a President vum Veräin Ciné de l'Est zu Gréiwemaacher.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Welter (2004) Roger Steffen - Auf den Spuren eines bewegten Künstlerlebens 1924-1994. Gemeinde Grevenmacher.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 321.
  2. 2,0 2,1 Hermes, M. (2014) "Ein Maler, der Spuren hinterlies", Bulletin municipal, 06/2014, S. 14.
  3. "Roger Steffen stellt in Esch-Alzette aus", Luxemburger Wort 4. Dezember 1959.
  4. "Steffen, Roger Paul", Fédération des enrôles de force.
  5. Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.