Sauer (Rhäin)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Sauer zu Wœrth

Den däitsch-franséische Floss Sauer (de: die Sauer; fr: la Sauer) ass en Niewefloss vum Rhäin. Säi Quellgebitt läit an der Südpfalz (Rheinland-Pfalz) an Däitschland; no engem Parcours vu 70 km fléisst en am Elsass (Frankräich) bei Munchhausen (Bas-Rhin) lénkssäiteg an de Rhäin. An Däitschland gëtt den ieweschte Laf vum Floss Saarbach genannt, eng Verballhornung vu Sauer(bach), déi am 19. Jh. opkomm ass.

Den Delta vun der Sauer (fr: le delta de la Sauer) ass 1997 als "réserve naturelle" klasséiert ginn, mat 486,37 ha déi zweetgréisst aus dem Elsass. Wat d'Vegetatioun ubelaangt, sou falen do besonnesch déi schéi Kappweiden op, déi mat déi gréisst "saulaie blanche" (Silberweiden-Auewald, Salicetum albae) aus dem Elsass bilden. Den Delta huet eng räich Amphibiefauna, mat ë. a. der Pelobates fuscus (fr: Pélobate brun, de: Knoblauchkröte), an eng interessant Avifauna.[1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]