Schabloun:Op engem 18. Oktober

Vu Wikipedia
Melina Mercouri
Melina Mercouri

1685: De Louis XIV. revokéiert den Edikt vun Nantes.
1777: Gebuert vum däitsche Schrëftsteller Heinrich von Kleist.
1883: Doud vum lëtzebuergesche Politiker, Jurist an Auteur Charles-Théodore André.
1896: Zu Iechternach gi fir d'éischt zu Lëtzebuerg Filmer gewisen, ë. a. L'arrivée d'un train en gare vun de Bridder Lumière.
1920: Déi griichesch Schauspillerin, Sängerin a Politikerin Melina Mercouri gëtt gebuer.
1926: Den US-amerikanesche Museker Chuck Berry an den däitsche Schauspiller Klaus Kinski kommen op d'Welt.
1927: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur George C. Scott.
1931: Den US-amerikaneschen Erfinder Thomas Alva Edison stierft.