Thomas Alva Edison

Vu Wikipedia
Thomas Alva Edison
Gebuer 11. Februar 1847
Gestuerwen 18. Oktober 1931
Nationalitéit USA
Aktivitéit Ingenieur, Erfinder, Mathematiker, Entreprener, Dréibuchauteur, Geschäftspersoun, Filmregisseur, Physiker
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Philosophical Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences
Famill
Kanner Charles Edison
(en) A Day with Thomas Edison (1922)

Den Thomas Alva Edison, gebuer den 11. Februar 1847 zu Milan (Ohio) a gestuerwen den 18. Oktober 1931 zu West-Orange, engem Township vum Essex County am US-Bundesstaat New Jersey, war en US-amerikaneschen Erfinder an Ingenieur.

Den Thomas Alva Edison war ee vun de produktiivsten amerikaneschen Erfinder an huet als techneschen Autodidakt méi wéi 2000 Apparater an technesch Prozedure sou wäit entwéckelt, datt hie se patentéiere konnt.

Scho mat 9 Joer huet den Thomas Alva Edison systematesch naturwëssenschaftlech Experimenter an de verschiddensten technesche Beräicher gemaach, déi hien duerch Geleeënheetsarbechte respektiv als Telegraphist finanzéiert huet.

1868 huet den Edison a verbesserten Telegraph patentéiert an domat säin éischt Patent ugemellt.

Nodeem den Thomas Alva Edison fir seng Erfindung vun engem neien Telegraph 40.000 Dollar krut, huet hien 1870 zu Newark eng elektresch Fabrick opgeriicht. 1876 huet hien zu Menlo Park e Fuerschungslaboratoire gegrënnt, dee geschwënn als Erfinderfabrick bekannt gouf.

1877 huet hien dem Bell säin Telefon verbessert an den éischte Phonograph entwéckelt

1878 huet hien d'elektresch Bir verbessert an eng Seriëfabrikatioun ugefaangen wat eng Verbreedung vum elektresche Liicht am private Secteur mat sech bruecht huet.

1880 huet hie als éischten en Dampschëff mat elektreschem Liicht ausgerëscht.

1882 huet hien zu New York dat éischt ëffentlecht Elektrizitéitswierk opgeriicht, dat schonn no e puer Méint de Stroum fir 5000 Stroosseluuchte geliwwert huet.

An engem weideren Atelier zu West Orange huet den Thomas Alva Edison 1889 déi éischt Lafbildkamera gebaut.

Den Edison huet sech och nach mat Methode befaasst wéi ee verschidden Äerzer mat Hëllef vu Magnéiten trenne kann. Hien huet och en Néckel-Eisen-Akku gebaut.

1883 huet hien, de spéider no him benannten Edison-Effekt, entdeckt.

Manner Succès hat den Edison, mat verschiddenen Iddien, déi hirer Zäit wäit viraus waren, wéi bei der Method fir an der Baubranche Fäerdegdeeler aus Bëtong hierzestellen déi dann op der Plaz nach just zesummegesat ginn oder bei den elektresche Lokomotiven.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Thomas Alva Edison – Biller, Videoen oder Audiodateien