...Rio de Janeiro iertemlech no engem "Januar-Floss" genannt gouf, deen et awer net gëtt?
... d'Zuel vun de Supermarchéën zu Lëtzebuerg tëscht 1996 an 2016 vun 42 op 106 eropgaangen ass?
... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?
... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
… am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?