Schammicht

Vu Wikipedia

D'Schammicht ass eng kleng lëtzebuergesch Baach am Kanton Réiden.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou Baache südlech vu Schandel um Flouer Burwisen op enger Héicht vun 291 Meter. Se leeft vun do aus duerch e schmuelen Dall no Südwesten op Iewerleng zou, fir do nodeem se ënner der N22 erduercht ass, op enger Héicht vun 247 Meter vu lénks an d'Atert ze lafen.

D'Schammicht ass ronn 1.900 Meter laang.