Schmuebelen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schmuebelen
Eng Suppeschmuebel
Eng Suppeschmuebel
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Ënneruerdnung: Sangvullen
Famill: Schmuebelen
Wëssenschaftlechen Numm
Hirundinidae
Vigors, 1825


D'Schmuebelen, och nach Schmuelefen oder Schmuewelen (Hirundinidae), sinn eng Famill mat 75 Aarten an der Uerdnung vun de Spatzevullen (Passeriformes).

D'Schmuebele fänken Insekten am Fléien, wouru si mat engem schlanken, stromliniefërmege Kierper a laange, schmuele Flilleken ugepasst sinn. De Schniewel ass kuerz a ka ganz wäit opgerappt ginn. Si hu kleng Féiss, dat well se sech kaum um Buedem ophalen. Eng Rëtsch Schmuewelaarten hu laang Schwanzfiederen.

D'Schmuebele sinn Zuchvigel. Hiren ausgeprägten Orientéierungssënn erlaabt et hinnen, all Joer op déiselwecht Bruttplaz zréckzefléien.

Dëse Sënn ass awer nëmmen op hir Orientéierung no Norden ausgeriicht. Den Horatio Kitchener huet dëst bewisen doduerch, datt en an Nordafrika Schmuebele fänke gelooss huet, a se markéiert huet. Duerno huet hie probéiert fir erauszefannen, wou se an Europa am Summer dru wieren. Wéi se dann am Wanter erëm zréck an Nordafrika waren, huet hie se do eng 500 - 600 Kilometer no Osten transportéire geloss. Wéi d'Schmuebelen dann erëm no Norde gezu sinn, goufen se an Europa op enger Plaz erëm fonnt déi och 500–600 km méi ëstlech louch an op derselwechter Distanz wéi déi, déi se tëscht hiren éischte Bruttplazen an hirer Wanterplaz an Afrika hat.

Net verwiesselen däerf een d'Schmuebele mat de Leeëndecker, déi méi laang a schmuel Flilleken hunn.

Schmuebelen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt et dräi Schmuebelaarten:[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Fir d'lëtzebuergesch Nimm, cf Vögel Luxemburgs, 2010.