Schwéierkraaft

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ënner Schwéierkraaft versteet een d'Kraaft, déi op e Kierper an engem Schwéierfeld wierkt. Si mécht beispillsweis, datt Géigestänn op de Buede falen. Si setzt sech aus der duerch d'Gravitatioun bewierkten Unzéiungskraaft an der duerch d'Rotatioun bewierkten Zentrifugalkraaft zesummen. D'Schwéierkraaft op der Äerduewerfläch nennt een Äerdunzéiung.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Benotzen

Eng einfach a bëlleg Uwennung vun der Schwéierkraaft geschitt bei Schwéierkraaftverschlëss oder -schléissariichtungen, bei deenen d'Gewiicht vun engem beweegleche Baudeel dozou gebraucht gëtt, fir de Schléissvirgank hierzestellen respektiv ze sécheren. Dselwecht funtionnéiert déi zënter der Steezäit bekannte Schwéierkraaftfal. Weider Gebrauchsgebidder si beispillsweis Pendelaueren. Op der enger Säit suergen zwéi Gewiichter fir den "Undriff" – op der anerer Säit funktionéiert d'Pendelprinzip, dat fir d'Prezisioun vun der Auer verantwortlech ass, och nëmme mat der Schwéierkraaft.

[änneren] D'Äerdunzéiungskraaft

Déi op e Kierper wierkend Schwéierkraaft als Total-Gravitatiounswierkung vun der Äerdmass manner vun der Zentrifugalkraaft vun der Äerdrotatioun ass gläich dem Produkt aus senger Mass an dem Äerdtempo (= Faltempo). D'Schwéierkraaft ass d'Ursaach vum Tempo, deen e fräi falende Kierper iwwert der Äerduewerfläch erlieft, deen ausser der Schwéierkraaft kenger weiderer Kraaft ausgesat ass.

Déi lokal Variatioun vun der Schwéierkraaft an domat och der Äerdvitess entsprécht där vum Äerdschwéierfeld. Si ass haaptsächlech eng Folleg vun der Zentrifugalkraaft an der Ofplattung vun der Äerd an huet fir verschidde geografesch Breede bis zu 0,5 %. Si hänkt op der Äerduewerfläch dernieft begrenzt vun der Héicht iwwert dem Mier of.

[änneren] Kënschtlech Schwéierkraaft

Ënnerschiddlech zu där uewe beschriwwener natierlecher Schwéierkraaft gëtt et zënter Mëtt vum 20. Joerhonnert och eescht Iwwerleeungen, kënschtlech Schwéierkraaft – z. B. fir laangfristeg bewunnbar Raumstatiounen – ze erstellen. Dobäi bedéngt een sech bei der sougenannter Bernal-Sphär beispillsweis der Zentrifugalkraaft an definéiert d'Bannefläch vun engem Zylinder als d'Uewerfläch vun der Wunnplaz.

[änneren] Kuckt och

Commons: Gravitation – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen