Schwaarzbier

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schwaarzbier
Rubus fruticosus

Rubus fruticosus
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Ënnerklass Rosidae
Uerdnung: Rosales
Famill: Rouseplanzen
Gattung: Rubus
Aart: Schwaarzbier
Wëssenschaftlechen Numm
Rubus fruticosus
L“.

Schwaarzbier oder Päerdsbier ass den Numm vun enger Fruucht an och vum Trausch, op deem se wiisst. Dësen ass pickeg a vun der Famill vun de Rosaceae ("rousen-aartegen"). En ass an temperéierte Klimazone vun Eurasien, Nordafrika an Nordamerika wäit verbreet; a Mëtteleuropa ginn et eng 400 Aarten. Schwaarzbier wiisst am léifsten hallef am Schiet (zum Besipill um Bord vun engem Bësch), an huet kallekzech a stéckstoffräich Biedem gär.

[änneren] Beschreiwung

De Schwaarzbiertrausch ass eng méijäreg Kloterplanz; en zillt ënnert dem Buedem Ausleefer, déi all Joers nei Schëss maachen. Dës kënne bis zu 4 Meter laang ginn an halen 2 Joer. Eréischt am zweete Joer droen se Friichten. Nom 2. Joer zillen déi Schëss, déi mam Buedem Kontakt hunn, Wuerzelen, vu wou aus dat Joer drop nei Schëss wuessen. Sou entsti Schwaarzbierhecken, duerch déi et keen Derduerch gëtt. Um Still sëtzen Daren.

D'Blieder sinn ofwiesselnd lénks a riets vum Still zu hirer 3, 5 oder 7 an hunn Zacken un hirem Bord. Se falen am Hierscht net erof. D'Schwaarzbier blitt tëscht dem Juni an dem August. D'Bléi ass wäiss, méi seele rosa. All Bléi huet je fënnef Kielech- a Krouneblieder an iwwer 20 Stëbs- a Fruuchtblieder.

D'Bléi

D'Friichte sinn, wann se zeideg sinn, bloelzeg-schwaarz (wat den Numm erkläert). Allerdéngs sinn et, anescht wéi den Numm et suggeréiert, keng Bieren, mee Sammelsteefriichten: all eenzel kleng Bull ass eng kleng Steefruucht (wéi z.B. d'Kiischten der sinn). Se kënnen tëscht dem Juli an dem Oktober gepléckt ginn.

D'Friichten enthale Vitamin A an C. Se kënne réi giess ginn, zu Gebeess oder Kompott verkacht, zu Jus gepresst an zu Wäin vergäert, oder soss an der Kichen agesat ginn.

Aus de Blieder kann een Téi maachen. D'Schwaarzbier zielt zu den Heelplanzen. Fréier gouf d'Schwaarzbier och geholl fir ze fierwen, an d'Blieder, wéinst hirem Tanin, goufen an de Gierwereien verschafft.


Commons: Schwaarzbier – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen