Serie 120 DB

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Serie 120 DB
Class 120 at Stuttgart Hbf.jpg
Nummeréierung: Bei der Liwwerung: 120 001–005
120 101–160 Duech Ëmbauten: 120 201–208
120 501–502
Stéckzuel: 65
Constructeur: BBC, Henschel, Krauss-Maffei a Krupp
Baujoren: 1979–1980 (120.0)
1987–1989 (120.1)
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 84 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19200 mm
Héicht:
Maximal Achselaascht
Héchstvitesse: 200 km/h
Stroumsystemer: 15kV 16 2/3 \mathrm{Hz} Wiesselstroum
Leeschtung: 5600 kW

D'Serie 120 ass eng Rei vun Elektrolokomotive vun der Deutsche Bahn AG. Si ass di éischt a Serie gebauten Dréistroumlokomotiv vun der Welt a war dowéinst eng wichteg Etapp an der Entwécklung vu sou Maschinnen.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Versiounen

[änneren] Serie 120.0

D'Serie 120.0 gouf tëscht 1979 an 1980 gebaut a war di praktesch Ëmsetzung vum Konzept "Dréistroum", e Konzept wat bis dohin nëmme bei Prototypen existéiert huet. Op Basis vun dëse Maschinnen ass an den 1980er Joren den InterCityExpress an an den 1990er Joren d'Serie 101 entwéckelt ginn. Indirekt huet d'Serie 120.0 d'Entwécklung vun der Famill vun TRAXX Lokomotive virbereet.

Haut fiert keng vun dëse Maschinnen méi.

[änneren] Serie 120.1

Mat enger Héchstvitesse vun 200km/h ass d'Serie 120 ideal fir den InterCitytrafic. Dowéinst fënnt ee se uechter ganz Däitschland virun InterCity Zich. D'Serie 120.1 fiert regulär nëmmen ee Regionalexpress, nämlech de München-Nürnberg-Express, an dat ofwiesselnd mat der Serie 101 vun der DB. Et fueren haut nach 49 vun dëse Lokomotiven.

[änneren] Serie 120.2

Mam Amenagement vu verschiddenen Strecken fir 160km/h, uganks am Norden, spéider am Westen, konnt den Tracé vu verschiddene Regionalexpresser iwwert déi Strecke gefouert ginn. Wëll d'Noverkéiersspart vun der däitscher Bunn awer net genuch Lokomotive fir déi Vitesse hat, goufen eng Rei 120.1 ëmgebaut. D'Serie 120.2 besteet aus fënnef Lokomotiven déi fir den Asaz am Regionalverkéier mat engem Noverkéierpak equipéiert goufen. Se krute beispillsweis elektronesch Anzeigen a goufe fir den Asaz mat den däitschen Doppelstécker Steierween nogerëscht.

Während een se uganks nëmmen op der Streck Hamburg - Schwerin - Rostock fonnt huet, zéien se haut och deen wichtegen Rhein-Sieg-Express, deen Oochen mat Siegen verbënnt.

[änneren] Serie 120.5

D'Serie 120.5, dat sinn zwou eemoleg 120.1 déi 2005 un dDB Systemtechnik, also un déi Leit déi sech ëm den Entretien vun der Infrastruktur këmmeren, ausgeléint goufen. Zënterhier ginn domat Mies- an Testzich gefuer. Et kann ee se awer och geleeëntlech virun engem InterCity fannen, vrun allem wann d'Demande grouss ass, wéi dat 2006 bei der Foussball WM de Fall war.

[änneren] Fotoen

[änneren] Um Spaweck

Commons: Serie 120 DB – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen