Sidney Gilchrist Thomas

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Sidney Thomas
SidneyThomas signature.jpg

De Sidney Gilchrist Thomas (16. Abrëll 1850 zu Canonbury (London) - 1. Februar 1885 zu Paräis) war e britesche Chemiker an Erfinder. Hien huet zesumme mat sengem Koseng, dem Chemiker Percy Gilchrist, 1876/77 e Procédé erfonnt, fir aus phosphorhalteger Minette Eisen a Stol ze gewannen, den no him benannten Thomas-Procédé. Och de Gebrauch als Düngemëttel vun de Schlaken, déi doduerch entstane sinn, d'Thomasmiel, huet hie sech patentéiere gelooss.

Thomasschlak

Säi Liewen [änneren]

De Sidney Thomas ass zu Canonbury (London) als Kand vun engem walisesche Beamten op d'Welt komm. Säi Papp ass fréi gstuerwen, an esou huet en säi Beruffswonsch, Dokter ze ginn, opginn, an ass mat 17 Joer Clerc bei engem Polizeigeriicht ginn. Niewelaangscht huet hie Chimie studéiert a sech als Zil gesat, Phosphor mar Hëllef vun engem Bessemer-Converter aus dem Eisenäerz erauszekréien. 1875 huet e säi Cousin, de Percy Gilchrist, deen och Chemiker war, gefrot, him beim Experiment vun der Iddi, déi en entwéckelt hat, ze hëllefen. E Schmelzhär, den Edward Martin, huet hinnen et erméiglecht, d'Experiment op enger méi grousser Echelle auszeféieren &n och, hir Entdeckung patentéieren ze loossen. Am Ufank hun d'Publikatiounen iwwer hire Procédé net vill Beuechtung fonnt, bis 1879 den E. W. Richards, de Manager vu Bolckow Vaughan & Co. am Yorkshire hire Procédé ofkaf huet, an domatter de Grondsteen vu sengem Succès geluecht huet.

Virun allem um europäesche Kontinent ass d'Patent vum Thomas-Procédé iweerholl ginn, well do d'Eisenäerz méi phosphorhalteg ass. Zu Lëtzebuerg ass et als éischt 1879 vun de Bridder Metz opkaf an an hirer Schmelz zu Eech ugewandt ginn. Och an Amerika bestoung e grousst Intressi u senger Erfindung.

Säin onermiddlecht Schaffen huet seng Gesondheet ugeschloen; eng laang Rees um Mier an en Openthalt an Egypten konnten en net nees an d'Rei sëtzen, an en ass 1885 zu Paräis am Alter vu nëmme 34 Joer gestuerwen. Hie läit zu Passy begruewen. Op sengem Graf steet: "He has fought the good fight".

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Sidney Gilchrist Thomas – Biller, Videoen oder Audiodateien