Sonia Gleis

Vu Wikipedia
Sonia Gleis
Gebuer 15. Oktober 1984
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mannequin, Moler, Schauspiller, Televisiounsmoderateur

D'Sonia Gleis, gebuer de 15. Oktober 1984 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Kënschtlerin. Si ass als Molerin, Model, Schauspillerin an Televisiounspresentatrice aktiv.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonia Gleis huet zu Paräis op der Universitéit Panthéon-Sorbonne studéiert. Si huet e Master an Arts plastiques (Arts contemporain, Arts numériques), an een an der Konschtgeschicht (Arts romans, Arts gothiques) a studéiert am Ament (2018) Droit. Si lieft tëscht Paräis a Lëtzebuerg.[1]

Model[änneren | Quelltext änneren]

D'Sonia Gleis huet als Model, fir Marke wéi Yves Saint Laurent,[2] Louis Vuitton,[3] Dior,[4] Balmain oder Celine geschafft a war an de Publicitéitsspotte fir Orangina oder Nintendo ze gesinn. D'Tëleesreklamm fir d'Kosmetiksmark Make Up Forever mat hir gouf op engem Billboard um Times Square zu New York gewisen.[5] Zu Lëtzebuerg huet d'Sonia Gleis Reklamm fir ë. a. Voxmobile, P&T an den Eldoradio gemaach. 2011 huet si als Body-Double fir d'Claudia Schiffer an d'Diane Krüger geschafft.[6]

Vun 2012 bis 2013 war d'Sonia Gleis als Miss-Coach a Member vum Jury vum Concours Miss Luxembourg aktiv.[7] Zanter 2017 ass si Presidentin vum Concours Miss & Mister Grande Région.[8]

Molerin[änneren | Quelltext änneren]

Eegen Austellungen[änneren | Quelltext änneren]

(Net komplett)

  • Galerie Maison Schauwenburg, Bartreng, 2002
  • Goodyear Technical Center, Colmar-Berg, 2002
  • Galerie La Comice Agricole, Capellen, 2003
  • Galerie d'art Commune de Walferdange, 2004
  • Ambassade du Japon, Stad Lëtzebuerg, 2005
  • Chambre du Travail, Stad Lëtzebuerg, 2006
  • Galerie A Spiren, Stroossen, 2007
  • Le Djoon, Paräis, 2007
  • Galerie Artcour, Faubourg St Honoré, Paräis, 2007
  • Habitat Boutique, Shopping Center Cactus Belle Etoile Stroossen, 2012

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

  • 3. Präis beim Concours International Raiffeisen (Kategorie 15-18 Joer), 2002
  • 1. Präis beim Concours National Raiffeisen (Kategorie 15-18 Joer), 2002
  • 1. Präis Lellgen Mini-Konschtfestival, 1998

Collectiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Gemeng Stroossen, Lëtzebuerg.
  • Thermes vu Stroossen, Lëtzebuerg.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuerzfilmer[änneren | Quelltext änneren]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Tëleesserien[änneren | Quelltext änneren]

Video-Clippen[änneren | Quelltext änneren]

Presentatrice[änneren | Quelltext änneren]

  • Mäi Mann, mäi Stil - Saison 2, 2013, RTL Tele Lëtzebuerg
  • Crush Magazine exclusif, 2014-2015, Crush Magazine Tv

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. journal.lu: Traum in Paris (11. Februar 2014; gekuckt de 6. September 2018)
  2. wort.lu: Jung, weiblich, spitze! (16. März 2012; gekuckt de 6. September 2018)
  3. luxprivat.lu: Sonia Gleis: Super-Job von Louis Vuitton (21. November 2012; gekuckt de 6. September 2018)
  4. rtl.lu: Un mannequin luxembourgeois engagé par Dior Cosmetics (3. Februar 2014; gekuckt de 6. September 2018)
  5. luxprivat.lu: Luxemburger Model Sonia Gleis erobert jetzt Amerika (30. März 2011; gekuckt de 6. September 2018)
  6. luxprivat.lu: Sonia Gleis: „So wurde ich zum Double von Claudia Schiffer“ (10. September 2011; gekuckt de 6. September 2018)
  7. tageblatt.lu: Glanz und Glamour (28. November 2011; gekuckt de 6. September 2018)
  8. rtl.lu: Découvrez Miss et Mister Grande Région 2018 (27. November 2017; gekuckt de 6. September 2018)
  9. land.lu: Blitze in der Tiefe der See (5. Februar 2009; gekuckt de 6. September 2018)
  10. luxprivat.lu: Gleis kommt auf die Leinwand (24. Abrel 2013; gekuckt de 6. September 2018)