Spinosaurus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Spinosaurus
E Spinosaurus
E Spinosaurus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Iwweruerdnung: Dinosaurier
Uerdnung: Echsebeckesaurier
Ënneruerdnung: Theropoda
Famill: Spinosauridae
Gattung: Spinosaurus
Wëssenschaftlechen Numm
Spinosaurus
Stromer 1915
Aarten

S. aegyptiacus
S. marocannus


De Spinosaurus ass eng Dinosaurieraart aus der Uerdnung vun den Echsebeckesaurier (Saurischia).

En huet am Zäitalter vun der Ieweschter Kräidepoch, viru 95 - 93 Millioune Joer, an Afrika gelieft.

En hat e Gewiicht vu bis zu 6 Tonnen, war 5 m héich a 15 m laang. En ass op zwee Bee gaangen a konnt sech mat sengen zwou viischte stabille Patten ofstäipen. Op sengem Réck waren Darfortsätz vu bis zu 1,60 m laang an zu engem Segel geformt..

Fossilie vum Spinosaurus sinn am Niger an an Egypten fonnt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spinosaurus – Biller, Videoen oder Audiodateien