Stenia Zapalowska

Vu Wikipedia
Stenia Zapalowska
Gebuer 1921
Warschau
Gestuerwen 31. Mäerz 2017
Lëtzebuerg
Aktivitéit Dänzer
Famill
Bestuet mat Florent Antony
Kanner Jaga Antony

D'Stenia Zapalowska, gebuer 1921 zu Warschau a gestuerwen den 31. Mäerz 2017 an der Stad Lëtzebuerg[1], war eng Dänzerin mat polneschen Originnen, déi zu Lëtzebuerg gelieft huet.[2]

D'Stenia Zapalowska gouf 1937 an de Ballet-Ensembel vun der Warschauer Oper opgeholl. Hir Carrière gouf duerch den Zweete Weltkrich op d'Kopp geheit. Nodeem si sech am August 1943 mat hirem zweete Mann, dem lëtzebuergeschen Acteur Florent Antony (1913-1974), bestuet hat[3], konnt si mat him Pole verloossen an ass zu Berlin am Rose-Theater als Dänzerin a Choreographin ënnerkomm.[2]

1944 huet si sech zu Lëtzebuerg niddergelooss. Do huet si vum Mäerz 1946 un Danzunterrecht ginn, am Ufank nach zu Keel[4] a vun Enn Abrëll un an der Stad Lëtzebuerg[5]. Si gëllt als eng vun de grousse Figure vum professionellen Danz zu Lëtzebuerg.[2]

D'Stenia Zapalowska war international aktiv als “Local Organizer” a “Life member” vun der Royal Academy of Dance vu London. Si war Member vun der franséischer an der belscher Association des professeurs de danse. Si gouf mat der Médaille commémorative du 250e anniversaire du ballet polonais ausgezeechent a gouf 1973[6] Chevalier am Ordre de la couronne de chêne.[7]

Bis zu hirem Doud war d'Stenia Zapalowska mat hirem drëtte Mann, dem Paul Ewen (gebuer 1930), bestuet. Si ass d'Mamm vun der Jaga Antony, déi am August 1944 zu Lëtzebuerg (Land) op d'Welt komm ass.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lieb, Daniela, 2010. Stenia Zapalowska: eine Grande dame des Tanzes aus Luxemburg. In: Forum für Politik, Gesellschaft und Kultur. - Luxembourg. - Nr. 302 (Dezember 2010), S. 52-55.
  • Lieb, Daniela, 2013. Vor dem schwarzen Loch: Notizen zu den Erinnerungen der Tänzerin Stenia Zapalowska. In: Galerie: revue culturelle et pédagogique. - Differdange. - 31 (2013), n° 4, S. 567-608
  • Lieb, Daniela, 2017a. Grande Dame des Luxemburger Tanzes: zum Tod von Stenia Zapalowska. In: Luxemburger Wort: für Wahrheit und Recht. - Luxemburg. - Jg. 169 (2017), Nr. 78 (1. April), S. 21.
  • Lieb, Daniela, 2017b. Eine Kulturlegende: am 31. März starb Stenia Zapalowska, die Pionierin des Luxemburger Bühnentanzes. In: Lëtzebuerger Journal. - Jg. 70, Nr. 78 (1. April), S. 16.
  • Zapalowska, Stenia, 2014. Vor dem schwarzen Loch: Erinnerungen an die ersten Schritte ; hrsg. und mit Anm. versehen von Daniela Lieb. In: Galerie: revue culturelle et pédagogique. - Differdange. - 32 (2014), N° 1, S. 89-134.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 100,7 Panorama 31. Mäe 2017 - 18:00
  2. 2,0 2,1 2,2 Liebe 2017a,b.
  3. Lieb 2013, S. 583.
  4. Escher Tageblatt 1946-02-20, S. 6 (Danse classique et moderne).
  5. Luxemburger Wort 1946-04-27, S. 3 (Cours de danse).
  6. Lieb 2010
  7. Luxemburger Wort 2017-04-05, S. 61 (Doudesannonce).
  8. Lieb 2013, S. 572.