Stirner Prothese

Vu Wikipedia
Stirner Prothese
Riets am Bild d'Installatioun vum Bert Theis am Park Edmond-Klein (2020)
Typ Installatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Koordinaten 49°36'32,890"N, 6°7'23,012"O
Héicht 4,62 m
Material Metall
Kënschtler Bert Theis

Stirner Prothese ass eng Konschtinstallatioun vum Bert Theis déi zanter Mee 2019 provisoresch am Park Edmond Klein an der Stad Lëtzebuerg steet.

Den Theis hat d'Installatioun am Joer 2000 fir de Park vun der evangeelescher Akademie zu Tutzing a Bayern entworf, déi awer schlussendlech do net opgestallt konnt ginn. Fir d'Dauer vun der „Retrospektiv Bert Theis Building: Philosophy – Cultivating Utopia“ am Mudam presentéiert d'Stad Lëtzebuerg dëse „friemaartegen Objet deen aus der Welt vun der Schëfffaart, der Eisebunn an der Industrie staamt“ de Visiteure vum Park[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Informatioun um Schëld bei der Installatioun