Musée d'art moderne grand-duc Jean

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Musée d'art moderne grand-duc Jean, kuerz MUDAM oder Mudam, ass e Musée fir zäitgenëssesch Konscht, deen um Site vum Fort Thüngen ("Dräi Eechelen") um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg gebaut gouf. De Mudam huet den 1. Juli 2006 seng Dieren opgemaach.

Architekt vum Gebai ass de Ieoh Ming Pei; benannt ass en nom Groussherzog Jean, dem Papp vum aktuelle Groussherzog Henri.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] D'Gebai

D'Gebai, dat op d'Enveloppe vum Fort Thüngen gebaut gouf, huet eng Netto-Surface vu ronn 10.000 m³ wouvunner der 4.800 fir d'Austellunge sinn.

D'Geschicht geet op déi spéit 1980er Joren zeréck, wou et ëmmer méi däitlech gouf, datt zu Lëtzebuerg ee Musée fir modern Konscht giff feelen. Well Lëtzebuerg 1995 Europäesch Kulturhaaptstad sollt sinn, huet d'Regierung Santer-Poos II de sino-amerikaneschen Architekt gefrot, e Plang vun engem Musée auszeschaffen, deen och vum architektonesche Standpunkt hir "eppes sollt hirginn". Als Site war d'Fort Thüngen um Kierchbierg erausgesicht ginn, an dem Pei huet déi Iddi, Ales - de Festungsfort - mat Neiem ze verbannen, gefall.

Déi grouss Hal

Déi éischt Projeten, déi de Pei uganks der 1990er virgeluecht huet sinn awer op staark Oppositioun gestouss: deenen enge war et ze grouss an ze deier, déi aner, d'Frënn vun der Festungsgeschicht hate gefaart, d'Reschter vum Réduit vum Fort Thüngen, op déi de Musée hätt solle gebaut ginn, giffen doduerch zerstéiert ginn.

De Pei gouf gefrot, en neie Plang ouni d'Gebai vun den Dräi Eechelen ze maachen, an d'Festungsfrënn krute versprach, datt e Festungsmusée giff doranner kommen. 1996 - d'Kulturjoer war grad eriwwer - gouf da vun der Regierung Juncker-Poos e Gesetzprojet virgeluecht, fir de Mudam ze bauen, deen am Dezember 1996 vun der Chamber gestëmmt gouf an de 17. Januar 1997 a Kraaft getrueden ass. Bal genee zwee Joer drop, den 22. Januar 1999, gouf deen éischte Stee geluecht.

De Bau huet 88 Milliounen Euro kascht. An der Bauphase koum et zu juristesche Reiwereien (an dowéinst Verspéidungen) well ee Soumissionaire, dee sech bei der Auswäertung vun engem Appel d'offres iwwer d'Magny dorés-Steng ongerecht bewäert gefillt huet.

2006 waren d'Aarbechte fäerdeg, an de Musée konnt den 1. Juli ageweit ginn.

[änneren] De Musée

De Mudam gëtt vun der 1997 geschafener Fondation Musée d'art moderne Grand-Duc Jean, där hiren abléckleche President de Jacques Santer ass, verwalt.

Direkter vum Mudam ass vun 2009 un den Enrico Lunghi. Säi Virgänger war, vun 2000 bis 2008, d'Marie-Claude Beaud. Si hat ier de Musée opgoung, mat Hëllef vun engem Expertë-Comité, d'Sammlung zesummegestallt. E groussen Deel vun den Exponate kënnt vun Artisten aus Lëtzebuerg a senge Nopeschlänner, am ganze bis ewell eng 250 Wierker vun iwwer 100 Kënschtler. Vill sinn der Opdraagsaarbechten, déi esou de Raimlechkeeten ugepasst konnte ginn.

Si decken déi verschiddenst Disziplinen a Konschtdomänen of, vun der Molerei bis bei d'Fotografie, vun der Zeechnung bis zum Video-Support, vu Multimedia bis Moud, vum Design bis zu der Grafik, vum Toun bis zu der Architektur. Eng 30 Kënschtler goufen an de Projet Be the Artists' Guest mat agebonnen, wou se a verschiddene Raimlechkeete vum Musée hir Wierker konnten integréieren.

De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean

[änneren] Kënschtler, deenen hir Wierker ausgestallt ginn

Alvar Aalto, Marina Abramovic, Emmanuelle Antille, Stephan Balkenhol, Bernd an Hilla Becher, Pierre Bismuth, Sophie Calle, Hussein Chalayan, Claude Closky, James Coleman, Tony Cragg, Richard Deacon, Mark Dean, Wim Delvoye, Damien Deroubaix, Stan Douglas, Jan Fabre, Ian Hamilton Finlay, Roland Fischer, Günther Förg, Charles Fréger, Gilbert & George, Nan Goldin, Andreas Gursky, Thomas Hirschhorn, Fabrice Hybert, William Kentridge, Claude Lévêque, Mark Lewis, Richard Long, Michel Majerus, Christian Marclay, Martin Margiela, Steve McQueen, Bady Minck, Bruce Nauman, Shirin Neshat, Albert Oehlen, Blinky Palermo, Philippe Parreno, Grayson Perry, Fiona Rae, Pipilotti Rist, Thomas Ruff, Thomas Scheibitz, Julian Schnabel, Thomas Schütte, Cindy Sherman, Katharina Sieverding, Thomas Struth, Wolfgang Tillmans, Laure Tixier, Cy Twombly, Xavier Veilhan, Kara Walker a Rémy Zaugg.

[änneren] Ausstellungen

[änneren] Literatur

  • Musée d'art moderne grand-duc Jean, 2009. Mudam, le bâtiment de Ieoh Ming Pei. Imprimerie centrale, Lëtzebuerg. 180 S., 107 Fotoen, Pläng an historesch Dokumenter (Fotoe vum Christian Aschman).
  • Ministère des Travaux publics, 2006. Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean. Gazette.

[änneren] Zuelen

  • Bruttorauminhalt: +/- 72.000 m³
  • Bruttogesamtfläch: +/- 12.000 m²
  • Nettogesamtfläch: +/- 10.000 m²
  • Ausstellungsfläch: +/- 3.500 m²
  • Maximal Héicht: +/- 33 m

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

Commons: Musée d'art moderne grand-duc Jean – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen