Strooss vum Fridden
D'Strooss vum Fridden ass e kënschtlereschen an humanistesche Projet, dee vum däitsch-jiddesche Moler, Sculpteur, Humanist a Pazifist Otto Freundlich (*1887 †1943) a vu senger Liewenspartnerin Jeanne Kosnick-Kloss ausgoung.
Si hunn an den zwanzeger Jore vum 20. Joerhonnert d'Iddi vun zwou Skulpturestroosse lancéiert, an engems och zu Éiere vum Paul Cézanne a vum Vincent van Gogh. Eng Strooss sollt an nord-südlecher Richtung lafen ("voie de la fraternité humaine"), déi zweet a west-ëstlecher Richtung ("voie de la solidarité humaine en souvenir de la libération").
Zu Auvers-sur-Oise (Île-de-France), um Schnëttpunkt vu béide Stroosse, sollt en héijen Tuerm opgestallt ginn, de "Liichttuerm vum Fridden an de siwe Kënscht".
D'Strooss vum Fridden zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]Zu Lëtzebuerg gëtt et 6 Plaze wou dës Iddi ëmgesat gouf (d'Nummeren entspriechen der Kaart):
- Skulpturewee zu Bilschdref - 1995-1996
- Bauschelt, beim Kierfecht: "7up for Peace", Skulptur vun der Marie-Josée Kerschen, Eechenholz, Héicht 1,46 - 2,41 m, 2007
- Eschduerf / Esch-Sauer: "Square forest at the crossroad", Skulptur vum Tomasz Domanski, Douglasholz, Fläch 5 × 5 m, Héicht 4 m, 2007
- Skulpturewee zu Lëlz - 1999
- Wolz, Jardin de Wiltz: "Sculpture-Fontaine", Skulptur vum Pit Nicolas, Stol, 3,0 × 2,0 × 2,5 m, 2007
- Wolz, an der "Kaul": "Spirituelle Reise / Weg zur Heilung und zum Frieden", Skulptur vun der Edmée Marth, 3 stole Skulpture vun (1,5 × 2,7 × 0,5 m), 2006
D'Nummeren 2, 3, 5 a 6 si véier nei Skulpturen am Kader vum Kulturjoer 2007.
Fotoalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
(1) "Eine Art Tisch mit verschiedenen Oberflächenstrukturen"
-
(2) "7up for Peace"
-
(3) "Square forest at the crossroad"
-
(3) "Square forest at the crossroad"
-
(4) "Zeit und Landschaft"
-
(5) Jardin de Wiltz
-
(5) "Sculpture-Fontaine"
-
(6) "Spirituelle Reise / Weg zur Heilung und zum Frieden"
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- www.strasse-des-friedens.net (de)
- Auvers-sur-Oise (fr)