Synagog Munneref

Vu Wikipedia
Déi fréier Synagog am Oktober 2015, no der Renovéierung.
Hënnescht Fassad vun der Synagog (2015).

Déi fréier Synagog vu Munneref steet op der Nr. 25 am Millewee (rue du moulin) zu Munneref.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1867 huet sech déi éischt jiddesch Famill zu Munneref niddergelooss. D'jiddesch Communautéit zu Munneref ass gewuess, an am Joer 1900 hunn de Jacques Zacharias Cerf, de Marx Marx an de Wolff Marx vu Munneref an den Cerf Block, dee Buergermeeschter vu Mondorff war, en Terrain am Millewee kaaft fir do eng Synagog ze bauen.[1] Am Joer 1907 hunn d'Bauaarbechten ugefaangen. Am Géigesaz zu den anere Synagogen am Land gouf de Bau awer net finanziell vum Staat ënnerstëtzt, wuel awer vun der Gemeng Munneref. De 26. September 1908 gouf se a Presenz vum Groussrabbiner Samuel Fuchs aus der Stad feierlech ageweit.

Bis 1940 koume jiddesch Familljen aus der ganzer Groussregioun op Bad-Munneref fir an der Synagog an an de jiddeschen Hotellen (d'Hoteller Bristol, Hemmendinger an d'Auberge Gittler) hir Fester (Bar-Mitzwa, Hochzäiten) ze feieren.

An der Zäit vum Zweete Weltkrich gouf d'Synagog duerch Brandstëftung zerstéiert, am Géigesaz zu de Synagoge vun Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg awer net ofgerappt. De Schued gouf nom Enn vum Krich op 59.000 Frang geschat.

Am Mäerz 1953 waren d'Renovéierungsaarbechten ofgeschloss an de 25. Juli 1953 gouf se nei ageweit. Well awer d'Zuel vun de Benotzer zu Munneref an Ëmgéigend duerch d'rassistesch Verfollgung am Krich staark ofgeholl hat, waren och d'Gottesdéngschter net méi sou heefeg. 1974 gouf d'Synagog, déi dee Moment an engem zimmlech schlechten Zoustand war, zougemaach an d'Miwwelen an den Hotel Bristol bruecht, wou e Gebietsraum fir jiddesch Gäscht vum Thermalbad ageriicht gouf.

1995 koum d'Gemeng Munneref an de Besëtz vun der Synagog, awer schonn 1987-88 ware vun der Gemengeverwaltung Renovéierungsaarbechte bannen a baussen dru maache gelooss ginn.

2009 huet d'Gemeng Pläng virgestallt, déi virgesinn hunn, d'Synagog komplett ze renovéieren an auszebaue fir do e Memorial anzeriichten a se fir kulturell Zwecker ze benotzen.

Am Wanter 2014-15 goufen d'Renovéierungsaarbechten ausgefouert. De geplangten Ausbau gouf net gemaach, awer mat Hëllef vum Service des sites et monuments nationaux de Banneraum am Originalstil renovéiert an eng Reproduktioun vum Thoraschräi gemaach an ausgestallt. De 14. Mäerz 2015 huet d'MemoShoah asbl do hir éischt Generalversammlung ofgehalen.

Den 2. Mäerz 2018 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.

Source[änneren | Quelltext änneren]

  • 2015, Stad Réimech - Gemeng Munneref. Die Synagoge von Bad Mondorf. 30. September-7. November 2015. Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess. 6. Säiten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (SMH), 2015. Die Synagoge als Haus für alle. Ehemalige Synagoge in Bad Mondorf wurde ihrer neuen Bestimmung übergeben. Luxemburger Wort vum 20. Oktober 2015, S. 23.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Synagog Munneref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. De Millewee, rue du Moulin, war deemools d'Haaptstrooss déi vu Munneref op Altwis a weider an d'Stad Lëtzebuerg gefouert huet.