The Notorious B.I.G.

Vu Wikipedia

De Christopher George Latore Wallace, gebuer den 21. Mee 1972 zu New York a gestuerwen den 9. Mäerz 1997, war en US-amerikanesche Rapper, dee besser ënner senge Kënschtlernimm The Notorious B.I.G., Biggie Smalls oder einfach Biggie bekannt ass.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wallace gouf 1972 als Kand vun jamaikaneschen Eltere gebuer. Säi Papp huet d'Famill verlooss, wéi hien zwee Joer al war. Am Alter vun zéng Joer krut hie wéinst sengem Iwwergewiicht de Spëtznumm "Big". Mat 17 Joer huet hien d'Schoul verlooss a gouf a kriminell Machenschafte verwéckelt. 1989 ass hie wéinst Waffebesëtz verhaft ginn an zu fënnef Joer op Bewährung verurteelt ginn. 1991 war hie wéinst Drogenhandel néng Méint am Prisong.

Schonn als Teenager huet de Wallace mat rappen ugefaangen, fir d'éischt ënner dem Numm "Biggie Smalls". 1992 ass hien als "The Notorious B.I.G." op engem Remix vum Mary J. Blige hirer Single Real Love engem méi grousse Publikum bekannt ginn. Duerno war hien nach op weidere Remixen ze héieren éier hien am August 1994 seng éischt Solo-Singel Juicy erausbruecht huet. Ee Mount méi spéit ass och säin Debütalbum Ready to Die verëffentlecht ginn, an de Wallace ass zu enger zentraler Figur an der East Coast Hip-Hop-Zeen ginn. Mat him huet de Genre seng Visibilitéit erhéicht, an enger Zäit an där de Mainstream-Hip-Hop vum West Coast Hip-Hop mat Rapper wéi dem 2Pac dominéiert gouf. D'Joer drop huet hie senge Frënn aus Jugendzäiten, der Grupp Junior M.A.F.I.A., mam Album Conspiracy (1995) zum Charterfolleg gehollef. Wärend den Opnamen zu sengem zweeten Album war de Wallace staark an d'Streidereien tëscht East-Coast-Hip-Hop-Unhänger a West-Coast-Hip-Hop-Unhänger verwéckelt.

Am Mäerz 1997 gouf hie vun enger onbekannter Persoun aus engem Auto erschoss. De Wallace war dee Moment zu Los Angeles, fir e Museksvideo fir seng Single Hypnotize ze filmen. Säin duebelen Disk Life After Death, dee 16 Deeg méi spéit verëffentlecht gouf, ass bis op déi éischt Plaz an den amerikaneschen Albumcharts geklommen an huet 2000 Diamante-Status erreecht. Et ass ee vu wéinegen Hip-Hop-Albumen, deen déi Zertifikatioun krut. No sengem Doud goufen nach zwéi weider Albume verëffentlecht. Eleng an den USA huet hie 17 Milliounen Albume verkaaft.[1]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Ready to Die (US: #15)
  • 1995: Conspiracy (mat Junior M.A.F.I.A.; US: #8)
  • 1997: Life After Death (US: #1)
  • 1999: Born Again (no sengem Doud verëffentlecht; US: #1)

Kompilatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2005: Duets: The Final Chapter
  • 2007: Greatest Hits
  • 2009: Notorious: Original Motion Picture Soundtrack

Singelen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1994: Juicy (US: #27)
  • 1995: Big Poppa (US: #6)
  • 1995: One More Chance (Stay with Me Remix) (featuring Faith Evans; US: #2)
  • 1997: Hypnotize (US: #1)
  • 1997: Mo Money Mo Problems (featuring Mase & Puff Daddy; US: #1)
  • 1997: Sky's the Limit (featuring 112; US: #26)
  • 2005: Nasty Girl (featuring P Diddy, Nelly, Jagged Edge, Avery; US: #43)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. RIAA: Top Selling Artists (gekuckt den 9. Juni 2015)