Timmelsjoch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Timmelsjoch

D Timmelsjoch (it:Passo del Rombo) ass zënter 1919 e Grenzpass tëschent dem éisträichesche Bundesland Tiroul an der italienescher Provënz Südtiroul.

E verbënnt Sölden am Ötztal mat San Leonardo in Passiria am Val Passiria.

Den eigentleche Pass um fréiere Wee läit op enger Héicht vun 2.474 M.i.Adria. D'Héicht vun der neier Strooss déi 1968 fir de Verkéier opgemaach, a westlech vum Pass läit ass op der héchster Plaz 2509 Meter. Am Wanter ass de Pass zou an d'Strooss kann och net vu Camione benotzt ginn, ausser fir de lokale Verkéier, et kann asserdeem nëmme vu moies 7 Auer bis owes 8 iwwer de Pass gefuer ginn.

Iwwer d'Timmelsjoch féiert den europäesche Wanderpad E5, Bodensee-Adria.

Koordinaten: Gnome-globe.svg 46° 54’ 19’’ N 11° 05’ 49’’ O

Déi zwou héich Plazen, tëscht deenen d'Timmelsjoch läit, sinn den Timmelsjochberg mat 2.970 Meter an d'Bankeralm mat 2.566 Meter.

Vu op Strooss vum Timmelsjoch an den Dall vun der Passer. Fotograféiert um Km 26
Commons: Timmelsjoch – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen