Tour de France 1904
| Generalklassement | ||||||||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Den zweeten Tour de France gëtt vum 2. Juli bis de 24. Juli 1904 gefuer.
Inhaltsverzeechnes |
Allgemenges [änneren]
- Den Tour besteet aus 6 Etappen an huet eng Totaldistanz vu 2 429 km.
- D'Moyenne vum Gewënner (Henri Cornet) ass 25,265 km/h.
D'Affaire [änneren]
Den zweeten Tour de France war och bal de leschte ginn. D'Kompetitioun war en Affer vun hirem eegene Succès vum Joer virdru wéinst fanatesche Reaktiounen vu franséische Spectateuren a Faveur vun der Equipe « La Française » (d'Equipe vum Garin), a verschiddene Fuddlereien. Den Henri Desgrange denkt souguer dru fir d'Saach komplett falen ze loossen.
Als Folleg vun dësen Evenemter gëtt d'Resulat vum Tour eréischt definitiv den 2. Dezember homologéiert. Aacht Coureuren ënnert hinnen déi véier Éischt aus dem Generalklassement ginn deklasséiert oder suspendéiert.
Sou kënnt et datt den Henri Cornet deen de fënneften am Generalklassement war op déi éischt Plaz rutscht an als Vainqueur deklaréiert gëtt. De Maurice Garin kritt eng Suspensioun vun zwee Joer opgedréckt (déi hien säi ganzt Liewe laang contestéiert), an de Lucien Pothier 2. zu Paräis gëtt liewenslänglech gespaart (dëst gëtt awer no dräi Joer erëm opgehuewen).
D'Etappen [änneren]
Wéinst den Deklassementer vum 2. Dezember falen d'Etappegewënner (Garin, Pothier an Aucouturier) ewech.
| Etapp | Datum | Etappestied | Distanz / km | Etappegewënner | 1. am Generalklassement |
| 1. | 2. Juli | Paräis - Lyon | 467 | ||
| 2. | 9. Juli | Lyon - Marseille | 374 | ||
| 3. | 13. Juli | Marseille - Toulouse | 424 | ||
| 4. | 17. Juli | Toulouse - Bordeaux | 268 | ||
| 5. | 20. Juli | Bordeaux - Nantes | 425 | ||
| 6. | 23. Juli | Nantes - Paräis | 471 |
Um Spaweck [änneren]
| Tour de France |
| 1903 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | 32 | 33 | 34 | 35 | 36 | 37 | 38 | 39 | 47 | 48 | 49 | 50 | 51 | 52 | 53 | 54 | 55 | 56 | 57 | 58 | 59 | 60 | 61 | 62 | 63 | 64 | 65 | 66 | 67 | 68 | 69 | 70 | 71 | 72 | 73 | 74 | 75 | 76 | 77 | 78 | 79 | 80 | 81 | 82 | 83 | 84 | 85 | 86 | 87 | 88 | 89 | 90 | 91 | 92 | 93 | 94 | 95 | 96 | 97 | 98 | 99 | 2000 | 01 | 02 | 03 | 04 | 05 | 06 | 07 | 08 | 09 | 10 |11 |12 |