Trabzonspor

Vu Wikipedia

Trabzonspor, mam ganzen Numm Trabzonspor Kulübü, ass en tierkesche Foussballveräin aus der tierkescher Hafestad Trabzon. De Foussballclub gouf den 2. August 1967 gegrënnt a spillt zanter 1974 an der Turkcell Süper Futbol Ligi, der héchster Liga am tierkesche Profifoussball.

De Veräi spillt seng Heemspiller am Hüseyin Avni Aker Stadı.

Nieft der Foussballsektioun gëtt et bei Trabzonspor nach eng Basketball-, Judo-, Liichtathleetik-, Tennis-, Handball-, Schwammen- an eng Sportschéissesektioun.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Musée vum Veräi mat all de Coupen

D'Glanzzäit vun Trabzonspor war an de 70er an 80er Joren. E Joer nodeems de Veräin vun der zweeter an déi éischt Liga opgeklomm ass, ass en och scho Champion ginn (1976). Trabzonspor gouf dann och nach 1977, 1979, 1980, 1981, an 1984 Champion. 1978, 1982 an 1983 si se ëmmer déi zweet ginn. Bis zu der Saison 2009/10 a mat der Victoire am Championnat vu Bursaspor vu Bursa, deem et gelongen ass de Championstitel ze kréien, war Trabzonspor den eenzege Veräin deen net vun Istanbul ass, dee Champion gouf. Et huet awer 10 Joer gedauert bis zum nächsten Titel: 1992 an 1995 huet Trabzonspor d'Coupe gewonnen. 2003, 2005 an 2010 hu si nach emol d'Coupe gewonnen.

2011 hätt Trabzonspor nach emol Champion kënne ginn, si hate genee wéi Fenerbahçe 82 Punkten. Ma de Club vun Istanbul ass awer Champion ginn, dat duerch eng méi favorabel Goldifferenz.

An der Saison 2010/11 gouf et iwwerdeems e grousse Korruptiounskandal am tierkesche Foussball. Fenerbahçe hätt als amtéierende Champion sollen un der UEFA Champions League 2011/12 deelhuelen, gouf awer wéinst dem Skandal vun der UEFA ausgeschloss. Deemno huet Trabzonspor, obwuel si och am Skandal verwéckelt waren, d'Plaz vu Fenerbahçe iwwerholl. Bis haut kämpft Tabzonspor fir de Championstitel 2010/11 a posteriori unerkannt ze kréien.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Korruptionskandal am tierkesche Sport 2011.

Supporter[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht Fane kommen aus der Stad Trabzon, aus anere Stied gëtt et awer och vill Fanen. Déi meescht Tierken halen nämlech zu den dräi staarke Veräiner aus der Haaptstad: Galatasaray, Fenerbahçe a Beşiktaş. Trabzonspor ass déi eenzeg Ekipp déi deenen dräi Veräiner d'Waasser reeche kann, dat erkläert deemno wéisou de Veräi vill Supporter an der ganzer Tierkei huet.

Stadion[änneren | Quelltext änneren]

D'Entrée fir an de Stadion

Den Hüseyin Avni Aker Stadı ass 1951 gebaut ginn. En ass nom Hüseyin Avni Aker genannt, e Foussballfunktionär dee vill fir de Foussball zu Trabzon gemaach huet. Uganks war am Stadion Plaz fir 2.400 Leit, no an no gouf en ëmmer ausgebaut a moderniséiert an huet mëttlerweil Plaz fir bal 25.000 Leit.

Am November 2013 gouf de Grondstee fir en neie Stadion geluecht. Den Akyazı Stadı soll fir d'Saison 2015/16 fäerdeg sinn, a Plaz fir bal 42.000 Leit hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Trabzonspor – Biller, Videoen oder Audiodateien